Mercier (Champagner)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mercier zu Épernay

Mercier ass eng Champagnermarque, déi 1858 vum Eugène Mercier (1838-1904) zu Épernay gegrënnt gouf. Mercier ass déi Marque Champagner, déi a Frankräich deen héchsten Ëmsaz huet.[1]

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

1858 huet den Eugène Mercier am Alter vun 20 Joer d'Champagnerhaus gegrënnt. 1869 huet Mercier en Terrain zu Épernay an der Avenue de Champagne kaf, an do de Firmesëtz ageriicht, deen haut och nach do ass. Do ginn et zënter 1871 wäit an de Kräidfiels gegruewe Kelleren, wou bis haut de Champagner gelagert an affinéiert gëtt. Se leien an enger Déift vun enger 30m a bestinn aus engem System vun 18km Gäng.[2].

D'Succursale zu Lëtzebuerg [änneren]

1885 huet d' Compagnie des Grands Vins de Champagne E. Mercier & Cie en Deel vun hirer Champagnerproduktioun op Lëtzebuerg verluecht. De Grond war, datt Lëtzebuerg Member vum Däitschen Zollveräin war, an d'Douanestaxen um Wäin a Fässer méi niddreg waren wéi fir op deem a Fläschen. Deemno hu se de Wäin op Lëtzebuerg exportéiert an eréischt do a Fläschen ofgefëllt, fir dës weider, gréisstendeels an Däitschland, ze verkafen.[3]

Déi éischt Succursale war an der Stad Lëtzebuerg um Fetschenhaff, am fréiere Fort Dumoulin. 1886 gouf e Gebai zu Hollerech, no bei der Stater Gare gebaut, wou et en Uschloss un d'Eisebunnsnetz krut.[4] Dëst gouf 1892 vergréissert, an 1894 gouf ugefaangen, de Wäin, deen aus der Champagne a Fässer importéiert gouf, a Fläschen ofzefëllen. Et goufen deemools 35-40.000 Fläschen am Dag ofgefëllt.[5]

1899 goufen ënnert dem Gebai, op 3 Stäck, Kellergallerië gebaut, vun am ganzen 1,2 km Längt. 4 Millioune Fläsche konnten do gelagert ginn. D'Kellere goufen eng grouss Attraktioun, a vu 25-30.000 Leit am Joer besicht. [5]

Ëm d'Joerhonnertwenn hu bis zu 300 Leit bei Mericer geschafft, 1,2 Millioune Fläsche goufe verkaf.[3]

Fir d'Fläschen ze schützen, goufen se an hëlze Këschten an a Weedekierf agepaakt. 1895 huet Mercier dofir extra am Weidendall, am Dall vun der Mamer, tëscht Steesel a Koplescht, en Areal vu 4 ha kaf (dat no an no op 40 ha vergréissert gouf), fir Weiden unzeplanzen, aus deenen hire Rudde Kierf geflecht goufen. Bis zu 100 Leit hunn an der Kierfflechterei geschafft.[3]

Ee vun deenen eelsten zu Lëtzebuerg gedréinte Stommfilmer ass "Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier" vum Peter a Wendel Marzen aus dem Joer 1907.

Nom Éischte Weltkrich war et eriwwer mam Zollveräin an et ass séier biergofgaang mat der Hollerecher Schampesproduktioun. D'Fabréck kunnt bis an d'1930er Joren iwwerliewen, mee um Enn waren déi meescht vun hiren Halen verlount. 1961 huet d'Spuerkeess d'Areal mat Gebaier a Kellere fir 39 Millioune Frang kaf, an 1965 ofrappe gelooss, fir do d'Gebai vun der Post opriichten ze loossen. Just e puer Kellergewëllef sinn erhale bliwwen, do lageren d'Nationalarchiver Dokumenter, well hiert Gebai scho laang ze kleng ass.[3]

Soss [änneren]

D'Faass Le foudre

Fir d'Weltausstellung vun 1889 zu Paräis huet Mercier dat deemools gréisste Wäifaass vun der Welt baue gelooss. Et housch Le Foudre an hat e Volume vu 1600 Hektoliter. Haut steet et an der Entréeshal vu Mercier zu Épernay.

Mercier hat am Ufank d'Rechter op der Marque Dom Pérignon, huet dës awer 1930 u Moët & Chandon verkaf.

1970 ass Mercier mat Moët & Chandon fusionéiert. 1987 goufen déi zwee vun der nei gegrënnter Luxusmarque LVMH iwwerholl.

Referenzen [änneren]

  1. T. Stevenson, ed. The Sotheby's Wine Encyclopedia (4th Edition) pg 181 Dorling Kindersley 2005 ISBN 0751337404
  2. http://www.champagnemercier.fr
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 www.onsstad.lu (pdf 1MB)
  4. "'Mercier' aus Epernay: Echter Champagner aus Luxemburg.", Luxemburger Wort, 27. Dezember 2011
  5. 5,0 5,1 Radio 100,7, 10.08.07, Emissioun vun 9h15-9.30.

Um Spaweck [änneren]