Merian (Zäitschrëft)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Merian ass den Numm vun engem däitsche Rees-Magazin dat vum Hamburger Jahreszeiten Verlag zënter 1948 all Mount erausgi gëtt. All Ausgab beschäftegt sech mat enger geographescher Regioun: engem Land oder engem Landesdeel, enger Grupp vu Länner, oder enger Stad.
An den Artikelen, Reportagen an Essayen, déi meeschtens mat ville Fotoen a Biller illustréiert sinn, ginn d'Geographie, d'Economie, d'Politik, d'Geschicht, d'Konscht an d'Kultur, d'Muséeën, an och d'Gastronomie vun enger Regioun duergestallt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Lëtzebuerg am Merian
De Merian vum Mäerz 2007 dréit den Titel Luxemburg, mam Zousaz Kulturhauptstadt 2007. Duergestallt sinn haaptsächlech d'Stad mee awer och aner Deeler vum Land.
D'Titelsäit weist eng Bannefoto vun der Philharmonie um Kierchbierg.
[änneren] Literatur
- Manfred Bissinger (Hrsg.). Das große Merian-Buch. Hoffmann und Campe, Hamburg 2008, ISBN 3-455-50071-4.