Meridian (Astronomie)

Vu Wikipedia
De Meridian ass als orangefaarwege Krees agezeechent. O steet fir d'Plaz vum Observateur, P ass den ieweschten Himmelspol an den Z ass den Zenit

De Meridian oder méi genee och Himmelsmeridian ass an der Astronomie e Grousskrees op der Himmelskugel. E verleeft duerch den Nordpunkt vum Horizont, duerch den nërdlechen Himmelspol, vertikal iwwer den Observateur bei de Zenit, duerch de Südpunkt vum Horizont, duerch de südlechen Himmelspol an duerch den Nadir. De Meridian steet ausserdeem am Senkel um lokalen Horizont vum Observateur.

Den Horizont entsprécht dobäi, ganz am astronomesche Sënn, der imaginärer Horizontlinn, och e Grousskrees op der Himmelskugel.

Um Meridian erreechen all Fixstären hir gréisst Héicht (iewescht Kulminatioun) an 12 Stonnen Stärenzäit duerno hir klengst Héicht. Dobäi gëtt mat Meridian dacks vereinfacht nëmmen de Véierelskrees tëscht Zenit a südlechem Horizont (op der Nordhallefkugel) resp. nërdlechem Horizont (op der Südhallefkugel), dee fir Kulminatiounsobservatioune wichteg ass, gemengt a gekuckt.

Den Himmelsmeridian ass ëmmer op den Observateur a seng Positioun op der Äerduewerfläch bezunn. Wann de Längtegrad vun der Observatiounsplaz ännert, dann ännert sech och de Verlaf vum Himmelsmeridian.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie