Merlin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Merlin beim Diktéiere vu senge Gedichter, fr. Buchmolerei aus dem 13. Jh.
D'Seeche vum Myrddin Emrys an dem Kinnek Vortigern, brit. Buchmolerei aus dem 15. Jh.

De Merlin (oder op Walisesch Myrddin) ass e mytheschen Zauberer, deen d'Metamorphos beherrscht, d'Naturelementer an d'Déiere commandéiere kann, a sech ganz besonnesch dem Bësch verbonne fillt.

De Fong vu senger Seeche kënnt aus der keltescher Mythologie a bezitt sech op en Druid. Richteg bekannt gouf en awer eréischt wéi e vum Geoffrey vu Monmouth an d'Artusseechen ageflecht gouf, a sou zu enger vun deene wichtegsten erfonntene Figuren aus der mëttelalterlecher Literatur gouf.

Origine[änneren | Quelltext änneren]

Literaresch als éischt ernimmt gëtt de Merlin als "Myrddin Emrys" (och nach "Ambrosius Aurelianus") beim Nennius a sengem Wierk Historia Britonum aus dem 8. bis 9. Joerhonnert. E beschreift de Mythos, datt de Merlin als "Kand ouni Papp" bei de britesche Kinnek Vortigern bruecht gouf, fir als Mënschenaffer de séchere Bau vun engem Tuerm ze garantéieren, dee bis dohin ëmmer nees an e Koup gefall war. De Merlin entgeet dem Afferdout, andeems en erkläert datt deen Tuerm ni hale kéint, well ënner dem Buedem wou e stoe sollt kommen e wäissen Draach mat engem rouden an engem Séi kämpfe giff. Dëst gouf als Prophezeiung vum Krich tëscht de Briten an de Sachsen opgeholl.

Eng zweet al Merlin-Source fënnt sech a waliseschen Iwwerliwwerungen iwwer de Myrddin Wyllt (och nach "Myrddin Lailoken"). Dee war e berühmte Bard a Prophéit, dee 573 n. Chr. an der Schluecht vun Arfderydd de Verstand verluer soll hunn, wéi d'Leit vu sengem Kinnek Gwenddoleu fab Ceidiaw eng grausam Néierlag géint de Rhydderch Hael erlidden hunn. Hien ass virun deem leschgenannten an d'kaledonesch Bëscher geflücht, wou en dunn als Verréckten (dat ass dem John T. Koch no d'Etymologie vu "myrddin") Wäissounge gemaach hätt. Notamment déi, datt hien en dräifachen Doud erleide géif, wat effektiv wouer gi wier wéi marodéirend Schéifer en iwwer eng Klipp gejot hätten, wou e vun engem Poul dee vu Fëscher vergiess gouf opgespiisst ginn, a schlussendlech mat sengem Kapp ënner Waasser gestuerwe wier.

Am 12. Joerhonnert huet de Geoffrey vu Monmouth déi zwou Seeërcher vermëscht, an d'Geschicht vum Myrddin Emrys an dem Kinnek Vortigern sengem Tuerm zum Liewensofschnëtt vum jonke Merlin gemaach, während d'Geschicht vum Myrddin Wyllt als Inspiratioun gedingt huet fir den eelere Merlin, engem dunn erfuerenen a weisen Zauberer. A senger "Prophetia Anglicana Merlini" (1134) huet de Monmouth de Merlin souzesoen agefouert an e puer Joer méi spéit a senger "Historia Regum Britannae" (1138) huet en d'Geschicht nach weider gesponnen an dem Artus de Merlin als Mentor un d'Säit gestallt. Béid, de Merlin an den Artus an déi ganz Tafelronn, sinn deemno dichteresch Kreatiounen, déi aus historesche Versatzstécker, aus mythologeschen Iwwerliwwerungen an aus der perséinlecher Phanatasie vum Monmouth an duerno vun aneren Dichter (Lord Tennyson, Wace, Malory z. B.) zesummegesat, ausgebaut a subliméiert goufen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wilfried Kuckartz, Merlin: Mythos und Gegenwart, Verlag Die Blaue Eule, 1988.
  • Silvia Brugger-Hackett, Merlin in der europäischen Literatur des Mittelalters, Helfant Edition, 1991.
  • Christopher Dean, A Study of Merlin in English Literature from the Middle Ages to the Present Day: The Devil's Son, The Edwin Mellen Press, Lewiston 1992.
  • Geoffrey Ashe, The discovery of King Arthur, London 1992
  • John Matthews an R. J. Stewart, Merlin through the ages: a chronological anthology and source book, Blandford, 1995.
  • David Chauvel, Myrddin, Paräis 1999
  • Jean-Luc Istin, Merlin, Paräis 2000
  • Peter Goodrich an Norris J. Lacy, Merlin: A Casebook, Taylor & Francis, 2003.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Merlin – Biller, Videoen oder Audiodateien