Merowenger

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Merowinger)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Merowenger gëtt déi éischt Kinneksdynastie vun de Franken a Gallien genannt (482-751).

Gegrënnt gouf si vum Chlodwig (fr.: Clovis; 482-511), nodeems hien all déi aner fränkesch Kinneken, déi et bis dohinner nach a Gallien gouf, eliminéiert hat. Duerch seng Daf ëm 500 (de geneeën Datum ass ëmstridden), war hien deen éischte germanesche Kinnek, deen net méi "arianesch", mä kathoulesch gedeeft gouf, wouduerch hien derselwechter Konfessioun ugehéiert huet, wéi all d'gallo-réimesch Bewunner vu Gallien. Dëse Schrëtt huet d'Integratioun vun de Germanen an de Romanen erliichtert, an ass ee vun de Grënn, firwat d'Merowengerräich sech, am Géisesaz zu allen anere germanesche Räicher, vun der Zäit no der Vëlkerwanderung, iwwert d'Karolinger (751-987) bis wäit an d'Mëttelalter gehalen huet.

Dee leschte Merowenger, de Childerich III., gouf 751 vum Pippin dem Mëttelsten ofgesat.

Literatur [änneren]

Alfried Wieczorek, Patrick Périn, Karin von Welck, Wilfried Menghin (Hg.): Die Franken, Wegbereiter Europas. 5. bis 8. Jahrhundert n. Chr., Bd. 2, Paris - Berlin 1997 (Äusstellungskatalog)

Hans-Werner Goetz: Europa im frühen Mittelalter 500-1050 (Handbuch der Geschichte Europas 2), Stuttgart 2003

Kaiser, Reinhold: Das römische Erbe und das Merowingerreich (Enzyklopädie deutscher Geschichte 26), München3 2004

Patrick J. Geary: Before France and Germany. The Creation and Transformation of the Merovingian World, New York - Oxford 1988 (dt. Die Merowinger. Europa vor Karl dem Großen, München 1996)

Kuckt och [änneren]

Commons: Merovingians – Biller, Videoen oder Audiodateien