Merzig

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Merzig
Wopen
Merzig (Däitschland)
Merzig
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland: Wappen des Saarlands.svg Saarland
Landkrees: Merzig-Wadern
Fläch: 108.79 km²
Awunner: 29.777 (31. Dez. 2012)
Koordinaten: 49° 27′ N, 6° 37′ O49.456.61666666666677Koordinaten: 49° 27′ 0″ N, 6° 37′ 0″ O
Lag vun der Stad Merzig am Saarland
Lag vun der Stad Merzig am Saarland
Dat alt Stadhaus vu Merzig
D'Seffersbaach zu Merzig

Merzig ass eng Kreesstad am Saarland a Verwaltungssëtz vum Landkrees Merzig-Wadern mat ronn 31.000 Awunner a 17 Staddeeler op 108 km². Merzig läit op der Saar a verdeelt sech wäit ëm d'Héichte vum Saargau an d'Säitendäller vun der Saar.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

Geographesch läit déi nordsaarlännesch Kreesstad Merzig tëscht Saarbrécken an Tréier (jee 50 Kilometer ewech) am Dall vun der Saar. Metz a Frankräich a Lëtzebuerg sinn och jee 50 Kilometer ewech. D'Stadgebitt erstreckt sech vun dësem „Merziger Becken“, an deem riets a lénks vun der Saar déi gréisser Staddeeler sinn, iwwer am Ganzen 108 km² bis zu de riets a lénks opsteigenden Héichten vum Saargau. Am Stadkär läit Merzig 175 m iwwer dem Mieresspigel, d'Gauhéichte klamme bis op 417 m erop. 3.108 ha Wald, 60 ha Erhuelungsflächen wéi Park- a Grénganlagen, 5.862 ha landwirtschaftlech a gärtneresch genotzte Flächen an 128 ha Waasserflächen maachen Merzig mat engem Gréngflächenundeel vun iwwer 80 Prozent zu enger „grénger“ Stad.[1]

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Un Merzig grenzen folgend Gemengen: Beckingen am Südosten, Mettlach am Nordwesten, Losheim um Séi am Nordosten an Rehlingen-Siersburg am Südwesten.

Stadglidderung[änneren | Quelltext änneren]

Saarlänneschen Timber, 1957, 100 Joer Stad Merzig

D'Stad gliddert sech zanter der Gebitts- a Verwaltungsreform vun 1974 a 17 Staddeeler (Awunnerzuelen Stand 30. Juni 2011):

Staddeel Awunner
Ballern 1.189
Besseringen 2.979
Bietzen 968
Brotdorf 3.733
Büdingen 310
Fitten 706
Harlingen 565
Hilbringen 2.569
Mechern 834
Staddeel Awunner
Menningen 635
Merchingen 939
Merzig 10.934
Mondorf 768
Schwemlingen 2.186
Silwingen 387
Weiler 350
Wellingen 291

Klima[änneren | Quelltext änneren]

De Joresnidderschlag ass 882 mm. Den dréchenste Mount ass de September. Am meeschte reent et am November.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  369 Martiaticum
  870 Martia
1338 Mertzige
1478 Mertzych
1497 Mertzig
1499 Mertzigh, Mertzych

Déi eelst Nennung vu Merzig fënnt sech lt. Kell an engem Befehl vum westréimesche Keeser Valentinians, während sengem Openthalt zu „Mansio praedium Martiaticum“ de 4. Juni 369. Ausgangs vum Merchinger Dall am Distrikt Hangenfeld hëllt een un, datt eng réimesch Siidlung stoung, well am Beräich vum Zesummenfloss vun der Ritzerbach an der Seffersbach verschidde réimesch Fonde gemaach goufen.

De Charles de Plakapp hat d'Kroungut Merzig dem Tréierer Äerzbëschof Bertolf bei vu senger Bëschofswei am Joer 869 geschenkt. Am 12. an 13. Joerhonnert hat dem Kurfürst d'Ministerialgeschlecht vu Merzig gedéngt. Dem Äerzbëschof vun Tréier hunn déi Merziger Vogteirechter gehéiert. Merzig war a siwe Vogteien opgedeelt: d'Vogtei vum Äerzbëschof, déi vereenegt Schultheißerei mat der Montclairer Vogtei, d'Rischerei, d'Mettlacher Vogtei, d'Brückerei an d'Propstei.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Blasonéierung: A véier gedeelt, uewe riets an ënne lénks a Sëlwer en duerchgoend rout Kräiz, uewe lénks an ënne riets a Sëlwer e schwiewent schwaarzt Duebelkräiz.

Dat rout Kräiz steet fir d'Äerzbistum Tréier an dat schwiewent schwaarzt Duebelkräiz steet fir d'Herzogtum Loutrengen.

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Kultur a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Panorama vu Merzig, Bléck a Richtung Südwest

Theater[änneren | Quelltext änneren]

  • Stadhall
  • Zeltpalast Merzig

Museen[änneren | Quelltext änneren]

Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Kierch St. Peter; dräischëffeg spéitromanesch Basilika, ongeféier 1190-1230, mat barockem Parhaus. Bedeitenst romanesch Kierch am Saarland. Kuckeswäert bannen: Gotescht Peschtkräiz aus dem 14. Joerhonnert, Molereien am Stil vun der Nazarener Schoul.
  • Historescht Stadhaus („Altes Rathaus“), Gebaut 1647-1649 als kurfürstlecht Juegdschlass fir den Tréierer Äerzbëschof Philipp Christoph von Sötern; sechs-achsegt Gebai mat zwee staark Ecktierm.
  • Divers Barockbauten wéi d'Halfenhaus (fréier. Hafenkneipe), Staadt-Marxsches Bürgerhaus, Hilbringer Schlösschen, Abteihaff Besseringen („Zehnt-Haus“), fréier Wunnhaus vum Christian Kretzschmar an der Tréierer Strooss (all 18. Joerhonnert)
  • Verschidde Gebaier aus dem 19. a fréien 20. Joerhonnert wéi Villa Fuchs, evangelesch Kierch, Kierchen zu Hilbringen an Besseringen, Loutrenger Haff, Gare, Haaptgebai vum fréiere Landspidol, Jugendstëlhäiser an der Tréierer Strooss, fréier Gebeessfabrik (fréiert Klouschter)
  • Verschidde Kapellen wéi d'Mariekapell, Heilig-Kreuz-Kapell, Kreuzbergkapell, Josefskapell, Harlinger Kapell, Al Wellinger Kapell

Gréngflächen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stadpark mat eenzeger Saline am Saarland
  • Garten der Sinne um Kräizbierg
  • Bürgerpark Besseringen
  • Orchideen um Nackberg bei Hilbringen

De Biergerpark zu Besseringen, de Gaart vun de Kënschte am Museum Schlass Fellenberg, de Gaart vun de Sënne an de Pargaart St. Peter sinn besonnesch kuckeswäert.

Weider Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Alte Wellinger Kapelle am Staddeel Wellingen
  • Museumseisebunn (no Losheim)
  • Tiergehege um Blättelbornweiher
  • Wolfsgehege am Kammerforst
  • Sculpteursymposium Steine an der Grenze
  • Clemens-Holzmeister-Kierchen in Brotdorf an Merchingen
  • Seffersbaachbréck, lescht erhale Hängegurtbréck „System Möller“ am Saarland
  • St. Clemens Kapelle zu Menningen
  • B-Werk Besseringen (Westwall-Bunkeranlag), op der B 51 tëscht Merzig an Besseringen
  • Klouschter St. Gangolf, tëscht Besseringen an Mettlach
  • Bietzener Heilquell op der B 51 a Richtung Beckingen
  • Buedlandschaft „Das Bad“
  • Naturbad Heilborn

Regelméisseg Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

  • Vizfest (Gréisst Veräinsfest am Saarland)
  • Hafenfestival (Groussevenement mat Drachebootrennen an der Merziger Hafenmeil)
  • Pannenflicker-Fest (Kiermes a Veräinsfest zu Schwemlingen)
  • Freeschenfeschd (Grousst Veräinsfest zu Brotdorf)
  • Heem- a Lënsefest (Grousst Veräinsfest zu Besseringen)

Wirtschaft an Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Merzig ass iwwer d'Bundesautobunn 8 (Perl - Stuttgart) an d'Bundesstrooss 51 (Bremen - Sarreguemines) un dat iwwerregionaalt an internationaalt Stroossenetz gutt ugebonnen. Merzig lait op der Saarstreck an huet dräi Garen, dovun zwou zu Merzig (Merzig (Saar), Merzig-Stadmëtt) an eng am Merziger Staddeel Besseringen. Bei éischteren handelt et sech ëm eng Gare mat ugeschlossener Busgare, allerdéngs eppes ewech vum Stadkär. Hei halen all RE- an RB-Zich vun der Däitscher Bunn (DB). Sou ergëtt sech ongeféier all hallef Stonn en Uschloss a Richtung Saarbrécken, Homburg an Tréier. Zanter 2000 ass och e Garehaltpunkt „Merzig-Stadtmitte“ a Betrib. Hei halen nëmme Regionalbunnen.

Wäibau[änneren | Quelltext änneren]

Kreuzberg 1890

Am Fréijoer 2007 gouf um Kreuzberg en historesche Wéngert nei ugeplanzt. Domat ass Merzig no Saarfels[2] (Beckingen) déi zweet Uertschaft am Saarland, déi d'Traditioun vum Wäibau op der Saar südlech vum etabléierten Ubaugebitt Musel-Saar-Ruwer nees opliewe léisst. De Wäin huet Qualitéitsbezeechnung Saarländischer Landwein.[3]

Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Hire Sëtz zu Merzig hunn folgend Organisatiounen:

Geriichter[änneren | Quelltext änneren]

Merzig huet en Amtsgeriicht, dat zum Landgericht- an zum Bezierk vum OLG Saarbrécken gehéiert an eng Annexe zu Wadern huet.

Militär[änneren | Quelltext änneren]

Zu Merzig sëtzt d'Luftlandeunterstützungsbataillon 262, dat zu der Luftlandebrigade 26 vun der Saarlandbrigad vun der Bundeswehr gehéiert.

Bildung[änneren | Quelltext änneren]

All Dag gi 6.500 Studenten zu Merzig an d'Schoulen. Weiderhin existéieren 18 Crêchen a Spillschoulen déi entweder der Stad oder der Kierch ënnerstinn, oder sougenant fräi Crêche sinn.

Grondschoule sinn zu[änneren | Quelltext änneren]

  • Kreuzberg (Merzig)
  • St. Josef (Merzig)
  • Saargau (Schwemlingen)
  • Merzig-Besseringen
  • Merzig-Brotdorf
  • Merzig-Hilbringen

Gymnasien[änneren | Quelltext änneren]

Erweidert Realschoul[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian-Kretzschmar-Schoul

Ënnerstëtzungsschoulen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sonnerschoul fir Léierbehënnerte Merzig-Brotdorf
  • Schoul zum Broch, Ënnerstëtzungsschoul fir geeschteg Entwécklung Merzig-Merchingen

Beruffsbezunne Schoulen[änneren | Quelltext änneren]

BBZ-Merzig:

  • Uewerstufengymasium fir Gesondheet a Soziales, souwéi Wirtschaft
  • Fachhéichschoul Technik
  • Fachhéichschoul Sozialwesen
  • Fachhéichschoul Wirtschaft
  • Gewerbeschoul
  • BGJ an BGS

Reliounen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Merzig gëtt et vill chrëschtlech Kierchegemengen an e puer aner Reliounsgemeinschaften:

Perséinlechkeete vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Merzig – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]