Messier 102

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D’lënsefërmege Galaxis M102

Messier 102 (och als NGC 5866 bezeechent) ass eng lënsefërmeg Galaxis mat de Moossen 6.5' x 3.1' an der visueller Magnitude vu +9.90 mag am Stärebild Draco. Well si als de Prototyp vun enger lënsefërmeger Galaxis, d.h. enger Galaxis vum Hubble-Typ S0, ugesi gëtt, ass si och ënnert dem Numm Spëndelgalaxis bekannt.

Haut gëtt den M 102 allgemeng dem NGC-Objet NGC 5866 zougeschriwwen. Allerdéngs besteet eng Kontrovers, ob de Messier tatsächlech déi Galaxis gemengt hat, oder ob et sech beim M 102 ëm eng Duebelobservatioun vum M 101 gehandelt huet.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]