Messier 105

Vu Wikipedia
Messier 105
2MASS-Foto vum Messier 105 (riets) zesumme mat dem NGC 3384 (lénks)
Stärebild Leo (Leo)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h47m49.75s
Deklinatioun +12° 34' 54,6"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz E1 LINER
Visuell Magnitude +9,5 magm
Wénkelduerchmiesser 5.1/4.7
Flächenhellegkeet
mag/arcmin2 
+13,1 mag
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   M96-Grupp
Routverrécklung  (3039 ± 8)  10−6
Radialvitess  (+911 ± 2)
Geschicht
Entdecker  Pierre Méchain
Entdeckungsdatum  24. Mäerz 1781
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  105
NGC  3379
PGC  32256
UGC  5902
MCG  +2-28-11
ZWG  66.18
GC  2203
h  757
H  1.17

De Messier 105 (och als NGC 3379 bezeechent) huet eng visuell Magnitude vu +9,50 mag. Déi hell elliptesch Galaxis mat enger Flächenausdeenung vu 5,1' × 4,7' läit am Stärebild Leo. Si gehéiert zu der M96-Grupp.

Héichopléisend Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop weisen ëm dat zentraalt Schwaarzt Lach eng rankfërmeg Struktur, déi séier rotéiert. No Berechnungen huet d'Mass vum Schwaarze Lach ronn 50 Millioune Sonnemassen.[1] An noer Ëmgéigend läit déi elliptesch resp. lënsefërmeg Galaxis NGC 3384.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Messier 105 gouf de 24. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt. Si gouf eréischt méi spéit an de Messier-Katalog opgeholl.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 105 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Eng aner Foto[änneren | Quelltext änneren]

Den M105, gesi vum HST; Foto:NASA/ESA

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massive Black Holes Dwell in Most Galaxies, According to Hubble Census, 13. Januar 1997