Messier 110

Vu Wikipedia
Date vum Messier 110
2MASS-Foto vum Messier 110
Stärebild Andromeda (And)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 0h 40m 22s
Deklinatioun +41° 41' 7"
Ausgesinn
Hubble E5 pec[1]
magV +7,9[2]
Visuell Magnitude +7,9[2]
Wénkelduerchmiesser 18,6 × 11,8
Gehéiert zu Lokal Grupp
Physikalesch Daten
Distanz 2,2  106 Lj
Routverrécklung (−847±83)  10−6
Heliozentresch radial relativ Vitess (−254 ± 25)
Absolutten Duerchmiesser 15.000 Lj
Mass 3,6 • 109 bis 15 • 109
Geschicht
Entdecker Charles Messier
Caroline Herschel
Entdeckungsjoer 10. August 1773
27. August 1783
Katalogbezeechnungen
GC  105, H 5.18, h 44, IRAS 00376+4124, MCG +07-02-014, Messier-Katalog 110, NGC  205, PGC 2429, UGC 426, ZWG 535.14.

De Messier 110 (och NGC 205 genannt) ass eng elliptesch Galaxis mat de Moossen 18,6' × 11,8' an der Visuell Magnitude vu +7,9 mag am Stärebild Andromeda. Si ass e Begleeder vum Messier 31, dem Andromedaniwwel, a sou wéi dësen 2,2 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. De Messier 110 gëtt haut als sphäresch Zwerggalaxis klassifizéiert. Hir Mass gëtt op 3,6 bis 15 Milliarde Sonnemasse geschat. Si huet en Halo aus aacht Kugelstärekéip.

Nieft dem Messier 32 ass de Messier 110 déi zweethellst Begleetgalaxis vum Andromedaniwwel a sou e Member vun der Lokaler Grupp.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Messier 110 gouf den 10. August 1773 vum Charles Messier entdeckt, 1798 gouf eng Beschreiwung publizéiert an 1807 op enger Zeechnung vum „Groussen Andromeda Niwwel“ festgehalen. Aus onbekannte Grënn huet hien deen Objet awer ni a säi Katalog opgeholl. Offiziell gouf d'Galaxis eréischt vum Wëssenschaftshistoriker K. Glyn Jones am Joer 1966 an de Messier-Katalog opgeholl.

D'Caroline Herschel hat de Messier 110 onofhängeg vum Charles Messier de 27. August 1783 entdeckt – vum Wilhelm Herschel krut hien dunn d'Nummer H 5.18.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 110 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. 2,0 2,1 Students for the Exploration and Development of Space