Messier 33

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Messier 33
Dräiecksniwwel
Foto vum M33
Stärebild Triangulum (Tri)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 1h 33m 51.02s
Deklinatioun + 30° 39′ 36.7″
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(s)cd
Visuell Magnitude 5,7 magm
Wénkelduerchmiesser 70′ × 40′
Flächenhellegkeet mag/arcmin2  14,0 mag
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu   Lokal Grupp
Andromeda-Ënnergrupp
Distanz   2,8 Mio.(Lj)
Routverrécklung  −0,000597 ± 0,000010
Radialvitesse  (−179 ± 3)
Absolut Hellegkeet  −18,9 mag
Absoluten Duerchmiesser  50 000 – 60 000 Lj
Geschicht
Entdecker  Giovanni Battista Hodierna
Entdeckungsdatum  1654
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  33
NGC  598
PGC  5818
UGC  1117
MCG  +5-4-69
GC  352
h  131
H  V-17
IRAS  01310+3024

De Messier 33 (och Dräieckniwwel, Triangulumniwwel) oder NGC 598 bezeechent ass eng Spiralgalaxis mat de Moossen 70′ × 40′ an der Visueller Magnitude vu +5,70 mag am Stärebild Triangulum. Den Dräiecksniwwel ass no dem Andromedaniwwel an der Mëllechstrooss dat drëttgréissten Objet an der Lokaler Grupp an déi eenzeg weider echt Spiralgalaxis niewen dësen zwou. D'Distanz zum Dräiecksniwwel bedréit ronn 3 Millioune Liichtjoer. D'Mass vun dëser Spiralgalaxis bedréit ronn 10% vun der Mëllechstroosemass, entspriechend 30 Milliarden Sonnemassen.

Wéinst senger grousser Fläch an där doraus resultéierender klenger Flächenhellegkeet ass den Dräiecksniwwel besonnesch bei méi staarke Vergréisserungen mat dem Teleskop schwéier ze fannen.

D'Galaxis enthält dräi Gasniwwelen, NGC 592, NGC 595 an déi riseg Stäregebuertsplaz NGC 604. Weider sinn e puer Kugelstärekéip, vun deenen e puer der seltener Objetklass bloe Kugelstärekoup gehéieren. Méiglecherweis huet si och eng Satellitegalaxis, an zwar d'LGS 3.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Triangulum Galaxy – Biller, Videoen oder Audiodateien