Messier 38

Vu Wikipedia
Messier 38
Den oppene Stärekoup Messier 38
Stärebild Auriga (Aur)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 28m 43s
Deklinatioun + 35° 51' 18"
Ausgesinn
Konzentratiounsklass II,2,r (Trumpler),
e (Shapley)
Visuell Magnitude + 6,4m
Wénkelduerchmiesser 21'
Hellste Stär +7,9 magm
Physikalesch Donnéeën
Distanz   4.200(Lj)
Routverrécklung  (−22 ± 7) ∙ 10−6
Radialvitess  −6,7 km/s
Absolutten Duerchmiesser  25 Lj
Alter  220 Mio. Joer
Geschicht
Entdecker  G. B. Hodierna
Entdeckungsdatum  1654
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  38
NGC  1912
C   0525+358
OCl  433
Cr  67
Lund  181
Mel  36

De Messier 38 (och als NGC 1912 bezeechent) ass ee vun dräi oppene Stärekéip (nieft M36 an M37) am Wanterstärebild Auriga. Seng Hellegkeet ass +6,4 mag, seng Wénkelausdehnung ass 21'.

Mat der Spektiv 10×50 gesäit een eng kleng Wollek mat enger Handvoll Eenzelstären 9.-10. Gréisst, mat engem klengen Teleskop eng däitlech Kräizform, déi awer mat méi engem groussen Teleskop nees verschwënnt. An engem 20cm-Spigelteleskop gesi routinéiert Observateure schonn 100 bis 150 Stären[1], déi sech zu der Mëtt hi konzentréieren an deelweis a Reien opgebaut sinn.

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bernd Koch, Stefan Korth: Die Messier-Objekte. Die 110 klassischen Ziele für Himmelsbeobachter. Kosmos-Verlag, 213p., ISBN 9783440117439, Stuttgart 2010