Messier 40

Vu Wikipedia
Messier 40
Winnecke 4
2MASS-Foto vum Duebelstär WNC 4 / M 40
Stärebild Ursa Major (UMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 22m 24s
12h 22m 19s
Deklinatioun +58° 05′ 00″
+58° 05′ 10″
Ausgesinn
Visuell Magnitude 9,7 / 10,1 magm
Physikalesch Donnéeën
Mass  1,1 / 1,2M
Geschicht
Entdecker  1764
Entdeckungsdatum  1764
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  40

De Messier 40 oder och Winnecke 4 (kuerz: WNC 4) ass en Duebelstär am Ursa Major, deen aus engem Stär mat der Hellegkeet +9,7 mag an engem Stär vun der Hellegkeet +10,1 mag besteet. Hie gouf vum Charles Messier 1764 entdeckt, awer fälschlecherweis fir en Niwwelfleck gehalen a krut sou d'Bezeechnung M40.
De Wénkelofstand tëscht béide Stären ass ronn 50 Bousekonneen, woubäi dee manner hellen an engem Positiounswénkel vun 83 Grad zu deem méi helle steet. De Winnecke 4 ass ee vun nëmme siwen Objeten am Winnecke-Katalog.

Eegenheeten[änneren | Quelltext änneren]

Bis haut sinn all Versich, d'Beweegungs- an d'Distanzdate genee ze bestëmmen, net gelongen; d'Distanz gëtt op 170 ± 70 pc geschat. Déi gravitativ Koppelung ass dohigestallt. Et kéinten demmno och zwéin onofhängeg, ënnerschiddlech wäit Stäre sinn. Eng sougenannt Period misst op d'mannst 232.000 Joer daueren an den Ofstand misst op d'mannst 5000 Lj. sinn. Sou Wäerter si fir eng Koppelung awer zimmlech onwahrscheinlech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

M40 bei SEDS