Orionniwwel
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuerger Numm | Orionniwwel |
| Engleschen Numm | Orion Nebula |
| Katalogbezeechnungen | NGC 1976 + 1982 M 42+43 |
| Rektaszensioun | 5h 35m 24s |
| Deklinatioun | −05° 27' |
| Equinoxe | J2000.0 |
| Visuell Magnitude | +4,0m |
| Distanz | ~1500 Liichtjoer |
| Wénkelduerchmiesser | 85 × 60 Bouminutten |
| Absoluten Duerchmiesser | ~25 Liichtjoere |
| Stärebild | Orion |
Den Orionniwwel ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Orion a besteet aus den Eenzelobjeten M 42 (am Süden) an M 43 (am Norden) (och als NGC 1976 souwéi 1982 bekannt). Duerch seng visuell Magnitude vu 4,0m a senger zimlech grousser Ausdeenung um Stärenhimmel ass hie mat bloussem A als Deel vum Schwäert vum Orion ze gesinn. Den Orionniwwel ass eng aktiv Stäregebuertsplaz an der galaktescher Noperschaft vun eiser Sonn. D'Distanz vun eisem Sonnesystem ass ca. 460 Parsec (1500 Liichtjoer), den Duerchmiesser ca. 7,5 Parsec (25 Liichtjoer).
Inhaltsverzeechnes |
Entdeckung a Geschicht [änneren]
Schonns am Mëttelalter hunn déi arabesch Astronomen den Orionniwwel observéiert, an hunn him den Numm „Na'ir al Saif“ (Den Hellen am Schwäert) ginn, woumat heiansdo och de Stär Iota Orionis gemengt ass.
Vun europäeschen Astronome gouf den Orionniwwel fir d'éischt 1610 duerch den Nicolas-Claude Fabri de Peiresc dokumentéiert. Et kann een awer dovun ausgoen, datt de relativ hellen Niwwel schonns vill méi fréi observéiert gouf.
De Charles Messier huet den Niwwel fir d'éischt de 4. Mäerz 1769 gesinn an huet en a säi Katalog opgeholl.
Spektroskopesch Observatiounen duerch de William Huggins hunn am Joer 1865 déi gasaarteg Natur vun der Niwwelregioun bewisen. Den Henry Draper huet 1880 déi éischt Foto vum Niwwel gemaach.
Den US-amerikaneschen Astronom Edward Singleton Holden huet Enn vum 19. Joerhonnert eng Aarbecht geschriwwen an där hien nogewisen huet, datt den Orionniwwel zënter Mëtt vum 18. Joerhonnert wuel net seng Form, awer seng Hellegkeet geännert huet.
Observatiounen [änneren]
Am beschte kann een den Orionniwwel am Wanter observéiere wann e spéit am Owend opgeet a bis zur Mueresdämmerung um Himmel steet.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Orionniwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) M42 bei SEDS
- (en) Virtuellen Tour bei Hubblesite.org (flash)
- (de) Den originale Beobachtungsbericht an d'Zeechnung vum Charles Messier
- (en) Fotoen a Kaarten
M 1 - M 2 - M 3 - M 4 - M 5 - M 6 - M 7 - M 8 - M 9 - M 10 - M 11 - M 12 - M 13 - M 14 - M 15 - M 16 - M 17 - M 18 - M 19 - M 20 - M 21 - M 22 - M 23 - M 24 - M 25 - M 26 - M 27 - M 28 - M 29 - M 30 - M 31 - M 32 -M 33 - M 34 - M 35 - M 36 - M 37 - M 38 - M 39 - M 40 - M 41 - M 42 - M 43 - M 44 - M 45 - M 46 - M 47 - M 48 - M 49 - M 50 - M 51 - M 52 - M 53 - M 54 - M 55 - M 56 - M 57 - M 58 - M 59 - M 60 - M 61 - M 62 - M 63 - M 64 - M 65 - M 66 - M 67 - M 68 - M 69 - M 70 - M 71 - M 72 - M 73 - M 74 - M 75 - M 76 - M 77 - M 78 - M 79 - M 80 - M 81 - M 82 - M 83 - M 84 - M 85 - M 86 - M 87 - M 88 - M 89 - M 90 - M 91 - M 92 - M 93 - M 94 - M 95 - M 96 - M 97 - M 98 - M 99 - M 100 - M 101 - M 102 - M 103 - M 104 - M 105 - M 106 - M 107 - M 108 - M 109 - M 110
NGC 1952 | NGC 1953 | NGC 1954 | NGC 1955 | NGC 1956 | NGC 1957 | NGC 1958 | NGC 1959 | NGC 1960 | NGC 1961 | NGC 1962 | NGC 1963 | NGC 1964 | NGC 1965 | NGC 1966 | NGC 1967 | NGC 1968 | NGC 1969 | NGC 1970 | NGC 1971 | NGC 1972 | NGC 1973 | NGC 1974 | NGC 1975 | NGC 1976 | NGC 1977 | NGC 1978 | NGC 1979 | NGC 1980 | NGC 1981 | NGC 1982 | NGC 1983 | NGC 1984 | NGC 1985 | NGC 1986 | NGC 1987 | NGC 1988 | NGC 1989 | NGC 1990 | NGC 1991 | NGC 1992 | NGC 1993 | NGC 1994 | NGC 1995 | NGC 1996 | NGC 1997 | NGC 1998 | NGC 1999 | NGC 2000 | NGC 2001