Plejaden (Astronomie)
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
|
D'Plejaden (Reflexiounsniwwel)
|
|||||
| Stärebild | Taurus (Tau) | ||||
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
| Rektaszensioun | 3h 47.4m | ||||
| Deklinatioun | +54°20′53.1″ + 24° 07′ | ||||
| Ausgesinn | |||||
| Visuell Magnitude | 1,6 magm | ||||
| Wénkelduerchmiesser | 110,0' | ||||
| Stären | 500 | ||||
| Hellste Stär | Alkione, 2,86 magm | ||||
| Physikalesch Donnéeën | |||||
| Distanz | 380 Lj. / 130 PC(Lj) | ||||
| Routverrécklung | 18 ∙ 10−6 | ||||
| Radialvitesse | 5,41 | ||||
| Absoluten Duerchmiesser | 170.000 Lj | ||||
| Alter | 100 Mio. | ||||
| Geschicht | |||||
| Entdecker | prehistoresch | ||||
| Entdeckungsdatum | prehistoresch | ||||
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
| M | 45 | ||||
| C | 0344+239 | ||||
| H | 0346+24 | ||||
| Mel | 22 | ||||
D'Plejaden (Siwestären), och Atlantiden oder Atlantiaden genannt, sinn en oppene Stärekoup, déi mam bloussen A ka gutt gesi ginn. Den däitschen Numm vun de Plejaden ass Siebengestirn, Siwe Schwësteren a Kluck. Am Messier-Katalog huet hien Bezeechnung M45. Si sinn en Deel vun eiser Galaxis, der Mëllechstrooss.
Well d'Plejaden scho laang virun der Erfindung vum Teleskop als Stäregrupp bekannt war, ginn traditionell och dacks nëmmen déi hellst Haaptstären als Plejade bezeechent. A munneche Kulturen an historeschen Duerstellungen ginn nëmme sechs Stären zu de Plejade gerechent. De Grond dofir ass de verännerleche Stär Pleione. Seng Visuell Magnitude variéiert lues, awer onregelméisseg tëschent där vum Taygeta an Celaeno, sou datt de Pleione heiansdo eréischt da ka gesi ginn, wann de Celaeno och schonn erkannt gëtt. Mat bloussem A sinn dofir, jee no Siichtbedingungen, sechs bis néng Stären ze gesinn.
D'Plejade si vu Mëtt September bis Enn Abrëll um nërdleche Stärenhimmel ze gesinn.
De Stärekoup läit ronn 430 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Stärebild Stéier, ëmfaasst op d'mannst 1.200 Stären an ass ronn 125 Millioune Joer al.
Am NGC-Katalog sinn d'Plejaden net opgelëscht, dobäi gëtt et am Beräich vun de Plejaden vill Reflexiounsniwwele mat eegenen NGC-Nummeren. Dozou gehéieren de Maja-Niwwel NGC 1432 an de Merope-Niwwel NGC 1435. Nëmme 36 Bousekonnen oder 0,06 Liichtjoer vum Merope ewech ass de Barnards Merope Niwwel, e besonnesch helle Knuet bannenzeg vum NGC 1435 mat der eegener Katalogbezeechnung IC 349.
Déi zwéin hellste Stären an de Plejade sinn no Gestalte vun der griichescher Mythologie benannt, dem Titan Atlas, senger Fra Plejone sowéi hire 7 Diechter Alkyone, Asterope, Celaeno, Elektra, Maja, Merope an Taygete. D'Plejaden, déi zu den Nymphen zielen, hunn den Dionysos an den Zeus groussgezunn. Der Mythologie no goufen se vum Orion verfollegt. Den Zeus huet si als Stärebild op den Himmel versat, awer och hei gi si vum Orion verfollegt, deem säi Stärebild ronn 30° südwestlech vun de Plejaden steet.
De japaneschen Numm vun de Plejaden ass Subaru. D'Markenzeechen vum Autohirsteller mam selwechtem Numm weist dofir sechs Stären op ähnleche Positiounen.
All 18,6 Joer kënnen d'Plejaden iwwer e längeren Zäitraum vum Mound bedeckt ginn. Eng nei Serie huet 2005 ugefaangen an hält 2009 op. Zu Lëtzebuerg sinn folgend Plejadenbedeckungen an deenen nächste Joren ze gesinn:
27. Januar 2007 (18:15 Auer MEZ), 24. Februar 2007 (00:45 Auer MEZ), 7. August 2007 (01:30 Auer MESZ), 28. Oktober 2007 (01:00 Auer MESZ), 21. Dezember 2007 (22:45 Auer MEZ), 12. Mäerz 2008 (19:15 Auer MEZ), 23. August 2008 (vun Hallefnuecht mat Moundopgang), 20. September 2008 (05:00 Auer MESZ), 13. November 2008 (19:15 Auer MEZ), 7. Januar 2009 (18:30 Auer MEZ), 18. Juli 2009 (03:15 Auer MESZ), 7. Oktober 2009 (23:45 Auer MESZ, ganz no derbäi) an den 29. Dezember 2009 (03:15 Auer MEZ).
Dono muss bis zum Joer 2024 gewaart ginn, bis de Mound nees Kurs op d'Plejadestären hëlt.
Déi hellst Stären an de Plejaden [änneren]
| Numm | Bezeechnung | Visuell Magnitude | Spektraltyp |
|---|---|---|---|
| Alkyone | η Tauri | 2,86 | B7IIIe |
| Atlas | 27 Tauri | 3,62 | B8III |
| Electra | 17 Tauri | 3,70 | B6IIIe |
| Maja | 20 Tauri | 3,86 | B7III |
| Merope | 23 Tauri | 4,17 | B6IVev |
| Taygeta | 19 Tauri | 4,29 | B6V |
| Pleione | 28 Tauri BU Tauri |
5,09 (var.) | B8IVep |
| HD 23985 | 5,23 | ||
| Celaeno | 16 Tauri | 5,44 | B7IV |
| Asterope | 21 Tauri 22 Tauri |
5,64 6,41 |
B8Ve B9V |
| 18 Tauri | 5,65 | B8V |
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) M45 bei SEDS
- (de) d'Plejaden op sonnen-system.de mat Biller
- (en) Astronomie vun de Maya
| Commons: Plejaden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
M 1 - M 2 - M 3 - M 4 - M 5 - M 6 - M 7 - M 8 - M 9 - M 10 - M 11 - M 12 - M 13 - M 14 - M 15 - M 16 - M 17 - M 18 - M 19 - M 20 - M 21 - M 22 - M 23 - M 24 - M 25 - M 26 - M 27 - M 28 - M 29 - M 30 - M 31 - M 32 -M 33 - M 34 - M 35 - M 36 - M 37 - M 38 - M 39 - M 40 - M 41 - M 42 - M 43 - M 44 - M 45 - M 46 - M 47 - M 48 - M 49 - M 50 - M 51 - M 52 - M 53 - M 54 - M 55 - M 56 - M 57 - M 58 - M 59 - M 60 - M 61 - M 62 - M 63 - M 64 - M 65 - M 66 - M 67 - M 68 - M 69 - M 70 - M 71 - M 72 - M 73 - M 74 - M 75 - M 76 - M 77 - M 78 - M 79 - M 80 - M 81 - M 82 - M 83 - M 84 - M 85 - M 86 - M 87 - M 88 - M 89 - M 90 - M 91 - M 92 - M 93 - M 94 - M 95 - M 96 - M 97 - M 98 - M 99 - M 100 - M 101 - M 102 - M 103 - M 104 - M 105 - M 106 - M 107 - M 108 - M 109 - M 110
NGC 1411 | NGC 1412 | NGC 1413 | NGC 1414 | NGC 1415 | NGC 1416 | NGC 1417 | NGC 1418 | NGC 1419 | NGC 1420 | NGC 1421 | NGC 1422 | NGC 1423 | NGC 1424 | NGC 1425 | NGC 1426 | NGC 1427 | NGC 1428 | NGC 1429 | NGC 1430 | NGC 1431 | NGC 1432 | NGC 1433 | NGC 1434 | NGC 1435 | NGC 1436 | NGC 1437 | NGC 1438 | NGC 1439 | NGC 1440 | NGC 1441 | NGC 1442 | NGC 1443 | NGC 1444 | NGC 1445 | NGC 1446 | NGC 1447 | NGC 1448 | NGC 1449 | NGC 1450 | NGC 1451 | NGC 1452 | NGC 1453 | NGC 1454 | NGC 1455 | NGC 1456 | NGC 1457 | NGC 1458 | NGC 1459 | NGC 1460