Messier 57
|
|
|
|---|---|
| Engleschen Numm | Ring Nebula |
| Katalogbezeechnungen | M 57 NGC 6720 |
| Rektaszensioun | 18h 53,6m |
| Deklinatioun | +33° 2' |
| Equinoxe | J2000.0 |
| Visuell Magnitude | 8,8m |
| Distanz | 2.300 Liichtjoer |
| Wénkelduerchmiesser | 118 Bousekonnen, |
| Absoluten Duerchmiesser | 1,3 Liichtjoer, |
| Spektraltyp | |
| Stärebild | Lyra (Lyr) |
De Rankniwwel an der Lyra (och nëmme Rankniwwel, Messier 57 oder NGC 6720 bezeechent) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Lyra.
Den Niwwel ass den Iwwerrescht vun engem Stär, dee viru ronn 20.000 Jore säi baussechte Gasmantel ofgesprengt huet. De Gasmantel dehnt sech mat enger Vitesse vun 19 km/s aus, an huet am Moment e Wénkelduerchmiesser vun ca. 118 Bousekonnen, wat bei enger Distanz vun 2.300 Liichtjoer en absolutten Duerchmiesser vun ca. 1,3 Liichtjoer bedeit. Am Teleskop erschéngt den Niwwel rankfërmeg. Tatsächlech bilt de siichtbare Gasmantel kee Rank am Raum, awer gläicht engem Torus. Am Zentrum vum Niwwel ass ee Wäissen Zwergstär mat enger Temperatur vun ca. 70.000 °C an enger visueller Magnitude vu 15,8 mag.
Den M 57 ka relativ liicht fonnt ginn, well hie bal an der Mëtt vun der Verbindungslinn vun de Stäre β an γ Lyrae steet.
Inhaltsverzeechnes |
Entdeckung [änneren]
Den M 57 gouf 1779 vum Antoine Darquier de Pellepoix bei der Observatioun vun engem Koméit entdeckt. Am selwechte Joer huet de Charles Messier en a säi Katalog opgeholl.
Den Darquir huet d'Ausgesinn vun dësem Niwwel mat engem Planéit verglach, wat den Astronom Wilhelm Herschel derzou bruecht huet, dësen Typ vu Niwwel als planetareschen Niwwel ze bezeechnen.
Ausgesinn [änneren]
Den M 57 ka schonns mat engem klengen Teleskop vu 10 cm Ëffnung als „Rankniwwel“ gesi ginn.
Den Zentralstär ass mat enger visueller Magnitude vu 15,8m allerdéngs liichtschwaach. Fir hien ze gesi brauch ee schonns en Teleskop mat enger Ëffnung vu 40 cm.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Ring Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien |
M 1 - M 2 - M 3 - M 4 - M 5 - M 6 - M 7 - M 8 - M 9 - M 10 - M 11 - M 12 - M 13 - M 14 - M 15 - M 16 - M 17 - M 18 - M 19 - M 20 - M 21 - M 22 - M 23 - M 24 - M 25 - M 26 - M 27 - M 28 - M 29 - M 30 - M 31 - M 32 -M 33 - M 34 - M 35 - M 36 - M 37 - M 38 - M 39 - M 40 - M 41 - M 42 - M 43 - M 44 - M 45 - M 46 - M 47 - M 48 - M 49 - M 50 - M 51 - M 52 - M 53 - M 54 - M 55 - M 56 - M 57 - M 58 - M 59 - M 60 - M 61 - M 62 - M 63 - M 64 - M 65 - M 66 - M 67 - M 68 - M 69 - M 70 - M 71 - M 72 - M 73 - M 74 - M 75 - M 76 - M 77 - M 78 - M 79 - M 80 - M 81 - M 82 - M 83 - M 84 - M 85 - M 86 - M 87 - M 88 - M 89 - M 90 - M 91 - M 92 - M 93 - M 94 - M 95 - M 96 - M 97 - M 98 - M 99 - M 100 - M 101 - M 102 - M 103 - M 104 - M 105 - M 106 - M 107 - M 108 - M 109 - M 110
NGC 6696 | NGC 6697 | NGC 6698 | NGC 6699 | NGC 6700 | NGC 6701 | NGC 6702 | NGC 6703 | NGC 6704 | NGC 6705 | NGC 6706 | NGC 6707 | NGC 6708 | NGC 6709 | NGC 6710 | NGC 6711 | NGC 6712 | NGC 6713 | NGC 6714 | NGC 6715 | NGC 6716 | NGC 6717 | NGC 6718 | NGC 6719 | NGC 6720 | NGC 6721 | NGC 6722 | NGC 6723 | NGC 6724 | NGC 6725 | NGC 6726 | NGC 6727 | NGC 6728 | NGC 6729 | NGC 6730 | NGC 6731 | NGC 6732 | NGC 6733 | NGC 6734 | NGC 6735 | NGC 6736 | NGC 6737 | NGC 6738 | NGC 6739 | NGC 6740 | NGC 6741 | NGC 6742 | NGC 6743 | NGC 6744 | NGC 6745