Messier 79
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Messier 79 (oder NGC 1904 bezeechent) ass e +8,40 mag helle Kugelstärekoup mat enger Flächenausdeenung vu 7,8' x 7,8' am Stärebild Lepus.
Dëse Kugelstärekoup läit net wéi déi meescht, a Richtung Zentrum vun der Mëllechstrooss, mä a bal entgéintgesater Richtung! Et gëtt ugeholl, datt dëst Objet e neien Awanderer vun eisem Mëllechstroossensystem kënnt sinn. De Messier 79, sou gëtt ugeholl, kéint e Kugelstärekoup vun där am Joer 2003 entdeckte Canis-Major-Zwerggalaxis sinn; déi nächst Nopeschgalaxis vun der Mëllechstrooss. Dësen Trabant vun der Mëllechstrooss huet sech duerch déi staark Gezäitekräfte schonns gréisstendeels opgeléist a gouf dofir fréier als Deel vun der Mëllechstrooss ugesinn.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun: 5h24m12.00s
- Deklinatioun: -24°31'00.0"
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) M79 bei SEDS
| Commons: Messier 79 – Biller, Videoen oder Audiodateien |