Messier 82
| Date vum Messier 82 | |
|---|---|
|
Spiralgalaxis Messier 82 Foto vum Hubble Space Telescope
|
|
| Stärebild | Ursa Major (UMa) |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 9h 55m 52,219s |
| Deklinatioun | +69° 40' 46,93" |
| Ausgesinn | |
| Hubble-Typ | I0 |
| Visuell Magnitude (visuell) | +8,6 m |
| Visuell Magnitude (B-Band) | +9,2 m |
| Wénkelduerchmiesser | 11,2' × 4,3' |
| Flächenhellegkeet | 12,7 mag/arcmin2 |
| Physikalesch Daten | |
| Gehéiert zu der | M81-Grupp, Virgo-Superkoup |
| Distanz | 11,51 Millioune Liichtjoer |
| Routverrécklung | +0,000677 ± 0,000013 |
| Heliozentresch radial relativ Vitesse | 203 ± 4 km/s |
| Absolut Hellegkeet | |
| Absoluten Duerchmiesser | 40.000 Liichtjoer |
| Mass | Sonnemassen |
| Katalogbezeechnungen | |
| Messier 82, NGC 3034, PGC 28655, UGC 5322, MCG +12-10-11, IRAS 09517+6954, Arp 337, 3C 231, Ursa Major A, KCPG 218B, ZWG 333.8, H 4. 79, GC 1950 | |
De Messier 82 (och als NGC 3034 bezeechent) ass eng irregulär Spiralgalaxis mat den Ofmiessungen 11,2' x 4,3' an der visueller Magnitude vu +8.60 mag am Stärebild Ursa Major. Laang Zäit gouf den M 82 dem irreguläre Galaxientyp bäigeschriwwen. Nei Ënnersich am Noen Infrarout weisen awer Spiraläerm. D'Galaxis kënnt domat dem morphologeschen Typ vun enger Balkespiralgalaxis (Sbc) méi no, d.h. d'Äerm kommen aus den Enner, an dësem Fall, net besonnesch laange Balken eraus.
An hirer Géigend ass déi hell Spiralgalaxis M 81, mat där si e physikalesch gebonnend Puer an de Kär vun der ronn 12 Millioune Liichtjoer wäiter M81-Galaxiëgrupp mécht. Duerch déi Wiessselwierkung mat M81 bei engem noe Laanschtfléie viru 500 Millioune Joer ass d'Galaxis M82 staark verännert ginn. An hirem banneschtem Beräich huet sech den Undeel, mat den neie Stären aus der interstellarer Matière staark erhéicht. (Starburst). Doduerch ass den M 82 eng vun den hellsten Infraroutgalaxien, an eng vun den hellsten Galaxien am Radioberäich (Ursa Major A). Als Folleg vum Starburst entsteet duerch Supernovaexplosiounen eng turbulent Gasbewegung, déi als Ausstréimung vertikal zum Galaxienniveau vun M 82 observéiert gëtt. Duerch hir Noperschaft an hir Hellegkeet ass den M 82 eng vun deene beschten ënnersichte Starburstgalaxien.
Den M 82 huet an engem vun senge Stärekéip eng ultrahell Röntgenquell, den M 82 X-1, méiglecherweis e mëttelschwéiert schwaarzt Lach mat enger Mass vun 200 bis 5000 Sonnemassen, dee vun engem iwwerschwéiere Stär ëmkreest gëtt.
Inhaltsverzeechnes |
Entdeckung [änneren]
D'Galaxis Messier 82 gouf den 31. Dezember 1774 vum däitschen Astronom Johann Elert Bode entdeckt.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) Hubble Space Telescope
- (en) Chandra X-Ray Observatory
- (en) Spitzer Space Telescope
- (de) Ursa Maior A (M81)
- (en) M82 bei SEDS
- (en) Entdeckung der Spiralarme von M 82
- (en) Über die Röntgenquelle X-1
- (en) DSS Images for NGC 3000 through NGC 3099
- (en) SEDS
- (en) NASA/IPAC EXTRAGALACTIC DATABASE
| Commons: Messier 82 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Aner Biller [änneren]
M 1 - M 2 - M 3 - M 4 - M 5 - M 6 - M 7 - M 8 - M 9 - M 10 - M 11 - M 12 - M 13 - M 14 - M 15 - M 16 - M 17 - M 18 - M 19 - M 20 - M 21 - M 22 - M 23 - M 24 - M 25 - M 26 - M 27 - M 28 - M 29 - M 30 - M 31 - M 32 -M 33 - M 34 - M 35 - M 36 - M 37 - M 38 - M 39 - M 40 - M 41 - M 42 - M 43 - M 44 - M 45 - M 46 - M 47 - M 48 - M 49 - M 50 - M 51 - M 52 - M 53 - M 54 - M 55 - M 56 - M 57 - M 58 - M 59 - M 60 - M 61 - M 62 - M 63 - M 64 - M 65 - M 66 - M 67 - M 68 - M 69 - M 70 - M 71 - M 72 - M 73 - M 74 - M 75 - M 76 - M 77 - M 78 - M 79 - M 80 - M 81 - M 82 - M 83 - M 84 - M 85 - M 86 - M 87 - M 88 - M 89 - M 90 - M 91 - M 92 - M 93 - M 94 - M 95 - M 96 - M 97 - M 98 - M 99 - M 100 - M 101 - M 102 - M 103 - M 104 - M 105 - M 106 - M 107 - M 108 - M 109 - M 110
NGC 3010 | NGC 3011 | NGC 3012 | NGC 3013 | NGC 3014 | NGC 3015 | NGC 3016 | NGC 3017 | NGC 3018 | NGC 3019 | NGC 3020 | NGC 3021 | NGC 3022 | NGC 3023 | NGC 3024 | NGC 3025 | NGC 3026 | NGC 3027 | NGC 3028 | NGC 3029 | NGC 3030 | NGC 3031 | NGC 3032 | NGC 3033 | NGC 3034 | NGC 3035 | NGC 3036 | NGC 3037 | NGC 3038 | NGC 3039 | NGC 3040 | NGC 3041 | NGC 3042 | NGC 3043 | NGC 3044 | NGC 3045 | NGC 3046 | NGC 3047 | NGC 3048 | NGC 3049 | NGC 3050 | NGC 3051 | NGC 3052 | NGC 3053 | NGC 3054 | NGC 3055 | NGC 3056 | NGC 3057 | NGC 3058 | NGC 3059