Messier 86

Vu Wikipedia
Messier 86
Foto opgeholl vum 2MASS
Stärebild Virgo (Vir)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 26m 12.2s
Deklinatioun + 12° 56' 44.5"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz S0(3)/E3
Visuell Magnitude +8,9m
Wénkelduerchmiesser 10.2/6.8
Flächenhellegkeet
mag/arcmin2 
13,3
Physikalesch Donnéeën
Distanz   (56 ± 4) Mio.(Lj)
Routverrécklung  (901±187)  10−6
Radialvitess  (−270 ± 56)
Absolutten Duerchmiesser  155000
Geschicht
Entdecker  Charles Messier
Entdeckungsdatum  18. Mäerz 1781
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  86
NGC  4406
PGC  40653
UGC  7532
MCG  +2-32-46
ZWG  70.72
GC  2961
h  1253

De Messier 86 (och NGC 4406 bezeechent) ass eng 8,9 mag hell lënsefërmeg Galaxis mat enger Flächenausdehnung vun 10,2' × 6,8' am Stärebild Virgo.

Den M86 läit am Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup an der Noperschaft vun der Risegalaxis M87. Fréier gouf hiren Typ an der Hubble-Sequenz mat E3 (elliptesch ofgeplatt) uginn, modern Auteure ginn awer éischter de lënsefërmegen Typ S0 un. D'Galaxis fält dynamesch am Galaxiëkoup besonnesch duerch hir héich Bloverrécklung op. D'Galaxis kënnt eiser Mëllechstrooss mat iwwer 400 km/s entgéint, wouraus sech eng Pekuliarvitess vun iwwer 1700 km/s géintiwwer dem Schwéierpunkt vum Galaxiëkoup ergëtt, eng vun de gréisste Pekuliarschvitessen am Virgo-Koup iwwerhaapt.

Den M86 gehéiert zu der sougenannter Markarjan-Ketten, enger Grupp vu Galaxien an engem Gebitt vu ronn 1,5 Grad Duerchmiesser.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

D'Galaxis NGC 4406 gouf den 18. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Charles Messier entdeckt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 86 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie