Messina (Italien)
| Messina | |
|---|---|
| Land: | |
| Regioun: | |
| Provënz: | |
| Koordinaten: | 38° 11′ N, 15° 33′ O38.18333333333315.55Koordinaten: 38° 11′ 0″ N, 15° 33′ 0″ O |
| Fläch: | 211,7 km² |
| Awunner: | 241.310 (31. Dez. 2011) |
| Bevëlkerungsdicht: | 1.140 Aw./km² |
| ISTAT-Nummer: | 083048 |
Messina ass déi drëttgréisste Stad vu Sizilien (Italien) a gläichzäiteg de Verwaltungssëtz vun der Provënz Messina.
Messina ass doduerch bekannt, datt do déi sougenannt Konferenz vu Messina vum 1.-3. Juni 1954 war. D'Ausseministere vun der Montanunioun, dorënner och de Joseph Bech, sinn nämlech deemools zu Messina zesummekomm, fir ze beroden, wéi se d'Europäesch Zesummenaarbecht nom Echec vun der Europäescher Verdeedegungsgemeinschaft (CED) kéinte relancéieren.
Geographie [änneren]
Messina huet ronn 245.000 Awunner (Stand: 2009), déi op enger Fläch vun 211,7 km² liewen. D'Wirtschaft ass duerch d'Industrie gestempelt, d'Awunner sinn a Schëffschantercher, an der Liewensmëttelindustrie, an der Metallveraarbechtung an och an der chemescher Industrie beschäftegt.
D'Stad läit un der Strooss vu Messina. Ongeféier 90 Kilometer südlech läit Catania a ronn 230 Kilometer westlech d'Haaptstad vun der Regioun, Palermo. Den Ätna, dee mat méi wéi 3.300 m den héchste Vulkan vun Europa ass, läit ronn 70 km süd-westlech vu Messina.
Um Spaweck [änneren]
.
| Commons: Messina – Biller, Videoen oder Audiodateien |