Metabolismus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Metabolismus (oder Stoffwiessel) bezeechent déi Virgäng a Liewewiesen déi mat der Verännerung vu chemesche Substanzen an dem Liewewiesen (oder besser gesot a sengen Zellen) ze dinn hunn. Je no der Aart vu Verännerung an der Origine vun de Substanzen ënnerscheet een tëscht Anabolismus a Katabolismus. Dës Verännerunge geschéien an enger Rei Etappen déi meeschtens vun Enzyme katalyséiert ginn, dofir schwätzt een och vu Stoffwiesselweeër oder metabolesche Weeër.

[änneren] Katabolismus

Résumé vum Katabolismus

Den Ofbau vun de Substanzen aus dem Iessen (dëst sinn haaptsächlech Gluciden, Lipiden an Proteinnen) fir Energie (Energie heescht an dësem biologesche Kontext meeschtens d'Produktioun vun ATP-Molekülen) ze gewannen oder elementär Bausteng (z.B. Aminosaieren oder Nukleotide) fir kierpereege Substanzen opzebauen, bezeechent een als Katabolismus.

De Katabolismus fänkt mat der Verdauung u wärend där folgenden Ofbau geschitt:

  • Proteinnen \rightarrow Aminosaieren
  • Gluciden \rightarrow Monosacchariden
  • Lipiden \rightarrow Fettsaieren a Glycerol
  • Nukleinsaieren \rightarrow Nukleotiden

Dono ginn haaptsächlech d'Monosacchariden an d'Fettsaieren (d'Aminosaiere wa keen direkten anere Gebrauch dovu méiglech ass) an Energie ëmgewandelt. Dëst geschitt ë.a. duerch folgend Stoffwiesselweeër:

[änneren] Anabolismus

Den Opbau vu kierpereegene Substanzen aus elementäre Bausteng stellt den Anabolismus duer. Beispiller vun anabolesche Stoffwiesselweeër:

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen