Meteora (Album)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Meteora ass den Titel vum 3. Studioalbum vun der Band Linkin Park. Déi Plack, dei de 25. Mäerz 2003 verëffentlecht gouf, ass kloer hire gréissten Erfolleg, obwuel se quasi d'selwecht wei Hybrid Theory kléngt. Se gouf als ee vun de beschten Alben aus dem Joer 2003 ausgezeechent a stoung wochelaang ob der Plaz 1 vun den Charts aus aller Welt.

[änneren] Stil

De Stil vun den eenzelne Lidder ass den typesche Stil, wei een e vu Linkin Park kennt: Vill Gerapps (Nobody's Listening), dem Bennington säi Gejäiz (From The Inside), Gittareriffs (Hit The Floor) oder dem DJ Hahn seng Soloen op den Turntables (Don't Stay) si vertrueden. Déi eenzeg Ofwäichung vum 1. Album Hybrid Theory ass déi, datt op der Plack net en eenzegt rouegt Lidd ass. Den Album gëtt zu de Genren Nu Metal a Rapcore gezielt.

[änneren] Tracklëscht

01. Foreword

02. Don't Stay

03. Somewhere I Belong

04. Lying From You

05. Hit The Floor

06. Easier To Run

07. Faint

08. Figure.09

09. Breaking The Habit

10. From The Inside

11. Nobody's Listening

12. Session

13. Numb


Am Ganze goufe 5. Singleauskopplungen verëffentlecht:


01. Somwhere I Belong

02. Faint

03. Numb

04. From The Inside

05. Lying From You

06. Breaking The Habit

De Song "Breaking The Habit" ass ganz emotional. Obwuel de Mike Shinoda e geschriwwen huet, beschreift en dem Chester Bennington seng schwiereg Kandheet a soumat fält et him ëmmer erëm schwéier de Song ze sangen. Op verschiddene Concerten huet hien och scho mussen eng kuerz Paus aleen.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen