Meteorit vun Treysa

Vu Wikipedia
De Meteorit vun Treysa (Haaptstéck)
Schnëttfläch mat Widmanstätten-Strukturen
Ofgoss vum ganze Meteorit

De Meteorit vun Treysa, och Meteorit vu Rommershausen, ass e Meteorit deen an engem Bësch nordwestlech vun der Uertschaft Rommershausen an der nordhessescher Gemeng Schwalmstadt opgeschloe war. De Meteorit goung an déi däitsch astronomesch Geschicht als ee vun de bedeitendsten noweisbar observéierte Meteorittenaschléi an der Neizäit an. Hie gëtt als mëttleren Oktaedrit vun der cheemescher Grupp IIIB klassifizéiert an huet Widmanstätten-Strukturen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Aenzeien hunn den 3. Abrëll 1916 um 15:30 Auer vun engem Donnerschlag an Dampwolleke geschwat. D'Liicht an de Kaméidi koume vun engem Meteorit, dee bei Rommershausen an de Bësch mam Numm Interessentenwald geschloe war.

Den Alfred Wegener hat en Aenzeienopruff an den Zeitunge gemaach, a konnt d'Bunnn vum Meteorit a seng méiglech Opschlagplaz no deenen hire Berichter, wéi sech méi spéit erausgestallt huet, mat enger zimmlech grousser Genauegkeet vu +/- 800 m berechnen. Wéi no en ettlech Méint de Meterit nach net fonnt gi war, gouf eng Belounung vun 300 Reichsmark ausgesat, fir dejéinegen deen de Meteorit géif fannen. Tatsächlech gouf de Meteorit doropshi fonnt. Obschonn et jee no Auteur verschidde Meenungen iwwer den Datum an d'Persoun déi de Meteorit fonnt huet gëtt, gëtt am Allgemengen de Fierschter Huppmann zitéiert deen de Meteorit de 5. Mäerz 1917 an engem 1,50 Meter déiwen Aschlagkrater fonnt huet. Den Eisen-Néckelmeteorit war 63,28 kg schwéier a 36 cm breet. Hie war nëmme wéineg zersplittert a relativ vollstänneg erhalen. Et goufen 23 Placken an Uschlëff vum Meteorit gemaach a vu geologesch-mineralogesche Fuerschungsinstituter ënnersicht.

Op der Aschlagplaz gouf 1986 e Stee mat enger Tak vum Knüllgebirgsverein opgeriicht fir un dat kosmescht Evenement z'erënneren.

De Meteorit selwer ass am Mineralogesche Musée zu Marburg op der Lahn ausgestallt, an en Ofgoss dovu kann een am Museum der Schwalm zu Ziegenhain gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • 750 Jahre Rommershausen, Dorfchronik.
  • Wegener, Alfred: Das detonierende Meteor vom 3. April 1916, 3 1/2 Uhr nachmittags in Kurhessen. 1917. Nodrock: Elwert, Marburg 2001, ISBN 3-7708-1160-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meteorit vun Treysa – Biller, Videoen oder Audiodateien