Meteoritics & Planetary Science

Vu Wikipedia

Meteoritics & Planetary Science (MAPS) ass eng international engleschsproocheg Wëssenschaftlech Fachzäitschrëft an Haaptorgan vun der Meteoritical Society déi zanter 1953, all Mount erauskënnt an där hir Artikelen um Prinzip vum Peer review baséieren. E beschäftegt sech haaptsächlech mat Planetologie.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mam Journal gouf 1953 ugefaangen als Nofollger vun Notes and Contributions déi am Numm vun der Meteoritical Society an der Zäitschrëft Popular Astronomy vun 1933 bis 1953 publizéiert goufen.

Theemen[änneren | Quelltext änneren]

Déi behandelt Theeme sinn ë. a. Asteroiden, Koméiten, Impaktkrateren, interplanetaresche Stëbs, interstellare Medium, Moundgestengs, Meteoren, Meteoritten, natierlech Satellitten, Planéiten, Tektitten, souwéi den Urspronk an d'Geschicht vum Sonnesystem. D'Zäitschrëft bitt doriwwer eraus en zentrale Forum fir d'Fuerschung zu änlechen Theemen an de Beräicher Astronomie, Biologie, Chimie, Geologie a Physik. Déi fir vill Wëssenschaftler wichtegst MAPS-Publikatioun ass de Meteoritical Bulletin e Supplement dee gewéinlech eemol am Joer erauskënnt, mat Katalogen, Inventaren a mat der Routinebeschreiwung vun neie Meteoritten. Dee Bulletin gëllt als Standard-Referenzwierk fir d'Inventariséierung an d'Nomenklatur vun alle Meteoritten.

MAPS huet Abonnenten a 44 Länner, 55 % vun de Lieser wunnen net an den USA. De Journal kascht am Joresabonnement fir wëssenschaftlech Instituter ronn 1.000 US-Dollar. Privatpersoune kënnen de Journal awer iwwer d'Memberschaft an der Meteoritical Society méi bëlleg kréien. Den haitege Chefredakter vu MAPS ass de Kosmochemiker A.J. Timothy Jull vum Arizona Accelerator Mass Spectrometry Laboratory vun der University of Arizona zu Tucson, Arizona.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Meteoritics & Planetary Science (MAPS). Journal of the Meteoritical Society. Allen Press, Lawrence Kan 31.1996ff. ISSN 1086-9379

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]