Quadratmeter
| Eenheet | |
|---|---|
| Norm | SI-Eenheetesystem |
| Eenheetsnumm | Quadratmeter |
| Eenheetszeechen | ![]() |
| Geschriwwe Gréisst (n) | Flächeninhalt, Uwerfläch, Querschnëttsfläch |
| Gréisstensymboler | ![]() |
| Dimensiounsnumm | Fläch |
| an SI-Eenheeten | SI-Basiseenheet |
| Ofgeleet vun | Meter |
De Quadratmeter ass eng SI-Eenheet vun der Fläch. Si déngt fir d'Miessung vu Flächen. Ee Quadratmeter ass eng Flächemooss an ass d'Fläch vun engem Quadrat mat der Säitelängt vun 1 Meter.
D'Eenheetszeeche fir Quadratmeter ass m2. Déi dacks gebrauchten Ofkierzungen qm oder m^2 sinn entspriechend dem SI-Eenheetesystem net zoulässeg. Déi Bezeechnunge stamen aus der Fréizäit vun der Schreifmaschinn respektiv vum Computer, wéi déi héichgestallten „2“ nach net duergestallt konnt ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Ëmrechnungen [änneren]
- 10−28 m2 = 1 b (Barn (an der Kär- an Atomphysik))
- 1 m2 = 1.000.000 mm2 (Quadratmillimeter)
- 1 m2 = 10.000 cm2 (Quadratzentimeter)
- 1 m2 = 100 dm2 (Quadratdezimeter)
- 100 m2 = 1 a (Ar)
- 10.000 m2 = 1 ha (Hektar)
- 1.000.000 m2 = 1 km2 (Quadratkilometer)
Ar an Hektar si bei eis zougeloosse gesetzlech Eenheeten am Miesswiesen mat beschränktem Uwendungsberäich. Ar an Hektar dierfen nëmmen bei der Angab vun der Fläch vu Grond- a Flouerstécker benotzt ginn.
- 1 square inch = 6,4516 cm2
- 1 square foot = 144 square inch = 929,0304 cm2
- 1 acre = 43560 square feet = 4046,8564224 m2
- 1 square mile = 640 acre = 2,589988110336 km2
Quadratmillimeter [änneren]
Ee Quadratmillimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Millimeter mol 1 Millimeter, also 10−6 m2.
D'Eenheetenzeechen fir Quadratmillimeter ass mm2.
Quadratzentimeter [änneren]
Ee Quadratzentimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Zentimeter mol 1 Zentimeter, also 10−4 m2.
D'Eenheetenzeechen fir Quadratzentimeter ass cm2.
Quadratdezimeter [änneren]
Ein Quadratdezimeter ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Dezimeter mal 1 Dezimeter, also 10−2 m2.
D'Eenheetenzeechen fir Quadratdezimeter ass dm2.
Quadratkilometer [änneren]
Ee Quadratkilometer ass d'Fläch vun engem Quadrat vun 1 Kilometer mol 1 Kilometer, also 1 Millioun m2. Ee Quadratkilometer ass och 100 ha. D'Eenheetenzeechen fir Quadratkilometer ass km2.
Déi ëmmer nach dacks gebrauchten Ofkierzung qkm entsprécht net dem Internationalen Eenheetensystem.

