Mettlach
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land: | |||||
| Bundesland : | |||||
| Landkrees : | Merzig-Wadern | ||||
| Fläch : | 78.08 km² | ||||
| Awunner : | 12.309 (31. Dez. 2011) | ||||
| Koordinaten: | 49° 30′ N, 6° 36′ O49.4938888888896.6Koordinaten: 49° 29′ 38″ N, 6° 36′ 0″ O | ||||
| Lag vun der Stad Mettlach am Saarland | |||||
Mettlach ass eng Gemeng am Landkrees Merzig-Wadern (Saarland) mat 10 Uertsdeeler. Zum Urspronk vum Numm gëtt et verschidden Erklärungen. No allgemenger Meenung geet den Numm op dat romano-keltescht *Metallacum zréck, dat anerersäits vum réimesche Persounenumm Metilius ofgeleet ass.[1] Deelweis gëtt heiran eng geléiert Ëmdeitung vum laténgeschen Medius Lacus (wuertlech: Tësche-Séi) gesinn, wat fréier déi gängeg Deitung war.[2]
Inhaltsverzeechnes |
Geographie[änneren]
Geographesch Lag[änneren]
Mettlach läit un der Saarschleef an erstreckt sech no Weste bis zum Saargau. Am Norde reecht d'Gemeng bis un déi rheinland-pfälzesch Grenz. D'Kreesstad Merzig läit nëmmen 8 km ewech, bis zu der Landeshaaptstad Saarbrécken sinn et 50 km. D'Stad Lëtzebuerg ass 40 km ewech, genee sou wéi Tréier. Bis op Metz sinn et 70 km.
Bal d'Hallschent vun der Gemengefläch (49,8 %) besteet aus Bëscher, 41,2% vun der Fläch gi landwirtschaftlech benotzt, nëmmen 9% si Siidlungsfläch. Den niddregste Punkt läit zu Saarhölzbach bei enger Héicht vun 154 Meter, den héchste Punkt ass de Judenkopf zu Saarhölzbach bei ronn 500 Meter.
Gemengeglidderung[änneren]
D'Uertsdeeler an hir Awunner (Stand 31. Dezember 2009):[3]
| Uertschaft | Awunner | Fläch |
|---|---|---|
| Bethingen | 254 | 1,77 km² |
| Dreisbach | 173 | 1,52 km² |
| Faha | 373 | 8,06 km² |
| Mettlach | 3.146 | 9,54 km² |
| Nohn | 705 | 5,99 km² |
| Orscholz | 3.642 | 10,74 km² |
| Saarhölzbach | 1.703 | 13,12 km² |
| Tünsdorf | 873 | 5,37 km² |
| Wehingen | 442 | 5,05 km² |
| Weiten | 1.206 | 16,94 km² |
| Zesummen | 12.517 | 78,08 km² |
Geschicht[änneren]
Ëm 676 hat de fränkeschen Herzog Lutwinus, de spéidere Bëschof vun Tréier, eng Abtei op der Plaz vum häitegen Uertsdeel Mettlach gegrënnt. Ëm 990 hat den Abt Lioffin eng Marienkierch als Grafkierche fir de Grënner baue gelooss. Dës Kierche a Form vun engem Oktogon (nom Virbild vum Aachener Doum) ass haut als den Ale Tuerm bekannt a stellt dat eelst Bauwierk vum Saarland duer.
kuckt och Buerg Saarstein
Déi haiteg Abteigebaier stamen aus dem 18. Joerhonnert a goufen 1801 vum Jean-François Boch am Zuch vun der Säkularisatioun iwwerholl. Si sinn haut den Haaptsëtz vun der Firma Villeroy & Boch. Den 13. August 1921 goufen d'Gebaier duerch e Groussbrand schwéier beschiedegt (kuckt d'Biller an der Gallerie ënnen).[4]
Déi éischt Bréck, déi Mettlach mat Keuchingen verbonnen huet, gouf am Dezember 1886 fäerdeg. Si gouf vu Villeroy & Boch finanzéiert a war am Ufanks mautflichteg. Wéi d'Bréck an de 1930er Joren dem Verkéier net méi gewuess war, gouf si duerch en Neibau ersat. Déi gouf de 15. November 1936 ageweit an am Zweete Weltkrich zerstéiert. Eréischt de 24. Dezember 1951 konnt déi nei Hänkbréck dem Verkéier iwwergi ginn.[5]
Buergermeeschter[änneren]
Wopen[änneren]
De Wopen gouf den 9. Februar 1976 duerch den Innenministère akordéiert.
Blasonéierung: „A Blo dräi (2:1) sëlwer Rousen mat roudem Soom a roude Kelchblieder.“
Uertsdeel Mettlach[änneren]
Den Uertsdeel Mettlach huet 3146 Awunner (Stand: Dezember 2009) an eng Fläch vun 9,54 km². Hie läit tëschent 159 an 388 m iwwer NN. Mettlach läit um Ausgank vun der grousser Saarschleef op béide Säite vun der Saar.
Wirtschaft an Infrastruktur[änneren]
Zënter de 1980er Joren gewënnt de Friemeverkéier zu Mettlach u Bedeitung; d'Schlofgeleegenheeten an der Gemeng leie bei 1400 Better.
Verkéier[änneren]
Mettlach läit un der Saarstreck Saarbrécken–Tréier. An de Garë Mettlach a Saarhölzbach hält all Stonn d'Regionalbunn Homburg–Saarbrécken–Tréier vun der DB Regio AG.
Fräizäit[änneren]
Mettlach läit un de Wanderweeër Saarland-Rundwanderweg an Saar-Hunsrück-Steig. Eng Deelstreck vum Hunsrück-Höhensteigs (Orscholz-Mettlach-Saarhölzbach) féiert duerch Mettlach.
Kultur a Kuckeswäertes[änneren]
- Grouss Saarschleef an der Cloef
- Cloef-Atrium zu Orscholz
- Al Abtei
- Alen Tuerm
- Keravisioun bei Villeroy & Boch
- Anna Boch Musee
- Buerg Montclair bei der Saarschleef
- Schlass Ziegelberg
- Schlass Saareck
- Parkierch St. Lutwinus (Liutwin) mat (an Däitschland eenzegartegen) Alabaster-Chouerfensteren
Literatur[änneren]
- Constantin von Briesen: Urkundliche Geschichte des Kreises Merzig-Wadern. Franz Stein, Saarlouis 1863.
- Gemeindeverwaltung Mettlach (Hrsg.): 1300 Jahre Mettlach. Merziger Druckerei und Verlags GmbH, Merzig 1976.
Fotoalbum vun der Stad Mettlach[änneren]
-
Al Abtei nom Groussbrand vum 13. August 1921
-
Déi al Abtei am Joer 2011
-
Déi éischt Bréck zu Mettlach, opgeholl am Joer 1896 (Bléck a Richtung Keuchingen; riets ass d'Mauthäuschen ze gesinn)
-
Déi nei Bréck, ageweit de 24. Dezember 1951
Referenzen[änneren]
- ↑ Venema: Zum Stand der zweiten Lautverschiebung im Rheinland. 1997, S. 372, online auf books.google.de, abgerufen am 3. August 2010.
- ↑ von Briesen: Urkundliche Geschichte des Kreises Merzig-Wadern. 1863, S. 75.
- ↑ Ortsteile der Gemeinde Mettlach
- ↑ 1300 Jahre Mettlach. 1976, S. 20.
- ↑ 1300 Jahre Mettlach. 1976, S. 19-22.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Mettlach – Biller, Videoen oder Audiodateien |