Metz & Cie

Vu Wikipedia

Metz & Cie ass den Numm vun der Gesellschaft iwwer déi d'Bridder Metz jorelaang hir industriell Aktivitéite kontrolléiert hunn.

D'Bezeechnung kann allerdéngs verschidde Firme beschreiwen.

Am Joer 1837 huet de Norbert Metz zesumme mat der Société d'industrie luxembourgeoise eng Société en commandite gegrënnt an där hien een Drëttel vum Kapital gehalen huet mam Objet d'Mille vun Eech an Hesper ze bedreiwen.

Den 21. Abrëll 1838 huet den Auguste Metz zesumme mat senge Bridder Charles an Norbert sou wéi dem Théodore Pescatore a senger Qualitéit als Administrateur vun der Société d'industrie luxembourgeoise d'Société en commandite Auguste Metz & Cie gegrënnt mam Objet d'Berbuerger Schmelz ze bedreiwen. Den Auguste Metz war eenzege Commandité. Den Acte vun dëser Gesellschaft gëtt 1845 geännert en vue vum Bau vun der Eecher Schmelz. D'Auguste Metz & Cie gëtt den 22. Januar 1847 virzäiteg opgeléist.

Eng Woch drop, den 29. Januar 1847 gëtt eng nei Société en commandite Auguste Metz & Cie vun de Bridder Metz gegrënnt mam Objet d'Schmelze vu Berbuerg an Eech ze bedreiwen. Dësen Numm gëtt, géint déi gesetzlech Bestëmmungen, och nom Doud vum Auguste Metz 1854 vu sengem Brudder Norbert bäibehalen. D'Aktië ginn eleng vun der Famill Metz gehalen, vum Norbert, vu senger Niess Léonie Metz an hirem Mann Edmond Le Gallais, vum Auguste senger Wittfra Nella Laeis an hire Kanner Léon, Paul an Thérèse-Albertine sou wéi vum Charles sengem Fils Jules Metz.

1845 huet den Auguste Metz d'Schmelz Grondhaff gepacht, déi zu deem Moment nach een Héichuewen hat. Schonn d'Joer drop hätt dës Schmelz allerdéngs opgehale mat schaffen. 1850 huet hien och d'Simmer Schmelz gepacht, den Héichuewen nees un d'Lafe bruecht a bis 1857 mat Bounenäerz aus dem Kanton Capelle bedriwwen. 1852 koum och nach d'Fëschbecher Schmelz dobäi, wou zwee Héichiewe mat Bounenäerz aus der Mierscher Géigend bis 1857 bedriwwe goufen. 1857 huet d'Metz & Cie Participatiounen an den däitsche Schmelze vun Malberg bei Bitburg a Merkeshausen bei Prüm geholl. Dës Héichiewe sinn awer schonn 1863 ausser Betrib gaangen. All dës Manoeuvren haten en doubelt Zil: sécher d'Produktioun an d'Luucht ze setzen, mä och d'Konkurrenz ze limitéieren.

Op zwielef Héichiewen zu Lëtzebuerg 1847 hunn der dräi de Bridder Metz gehéiert. Fënnef Joer méi spéit hu vu fofzéng Héichiewen der sechs de Metze gehéiert.

De 24. August 1865, dem Joer an deem decidéiert gëtt d'Dummeldenger Schmelz ze bauen, gëtt d'Gesellschaft a Société en commandite des Forges d'Eich, Metz & Cie ëmbenannt. De Norbert Metz ass eenzege Commandité. D'Haaptaktivitéite vun der Gesellschaft sinn d'Schmelze vu Berbuerg, vun Eech an d'Société des mines d'Esch/Alzette, déi zanter 1862 zesumme mat der Société de la Providence gehale gëtt. D'Membere vun der Famill Metz halen als al Aktionäre vun der Auguste Metz & Cie 1.500 vun den 2.500 Aktië vun der neier Gesellschaft. De Victor Tesch hält der 450 a seng Partner vu Burbach der 155. D'Suen déi iwwer déi 1.000 nei Aktien erakomm sinn, goufe fir déi nei Dummeldenger Schmelz gebraucht. 1866 koum et zu zwou Kapitalerhéijung mat zweemol 500 neien Aktien. Enger weider Kapitalerhéijung mat 1.500 neien Aktië gouf et 1869-1870 fir de Finanzement vun der Metze Schmelz zu Esch-Schëffleng.

Am Joer 1904 wiesselt d'Raison sociale nach eng Kéier wéi den Norbert Le Gallais dem Emile Metz säi Successeur als Commandité-Gérant gëtt. Vun elo un heescht d'Gesellschaft Société en commandite des Forges d'Eich, Le Gallais, Metz & Cie. Et ass dës Gesellschaft déi 1911 an der ARBED opgeet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]