Mexikanesch Verdeedegung

Vu Wikipedia
Mexikanesch Verdeedegung
abcdefgh
8
a8 black rook
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
e7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
c6 black knight
f6 black knight
c4 white pawn
d4 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Zich 1. d4 Sf6 2. c4 Sc6
ECO A50
Benannt no Mexiko
Entsteet aus Indesch Verdeedegung
Aner Nimm Tango, Kevitz-Trajkovic-Verdeedegung

D'Mexikanesch Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel A50 klassifizéiert.

D'Mexikanesch Verdeedegung fänkt mat de follgenden Zich un:

1. d4 Sf6
2. c4 Sc6

D'Mexikanesch Verdeedegung kann och duerch Zuchëmstellung iwwer 1. d4 Sc6 2. c4 Sf6 erreecht ginn, wat Wäiss allerdéngs d'Méiglechkeet gëtt 2. d5 ze spillen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Mexikanesch Verdeedegung huet hiren Ursprong an den 1920er Joren, wou se souwuel vum mexikanesche Groussmeeschter Carlos Torre Repetto (dohier den Numm „Mexikanesch Verdeedegung“),[1] wéi och vum US-amerikanesche Meeschter Alexander Kevitz (de „Kevitz“ am Numm „Kevitz-Trajkovic Verdeedegung“). Méi spéit gouf se vum jugoslawesche Meeschter Mihailo Trajkovic[2] a vum sowjetesche Groussmeeschter Anatoli Lutikow gespillt. Nodeem se joerzéngtelaang aus der Turnéierpraxis verschwonne war, huet den Internationale Meeschter Georgi Orlov jeeweils 1992 an 1998 eng Broschür an en erfollegräicht Buch iwwer d'Mexikanesch Verdeedegung geschriwwen an huet se Black Knights' Tango genannt. Zanter 1992 gouf dës Erëffnung vun enger ganzer Rei staark Groussmeeschtere gespillt, dorënner de Viktor Bologan, de Joel Benjamin, de Larry Christiansen an den Alex Yermolinsky[3], deen d'Mexikanesch Verdeedegung souguer géint de Garri Kasparow bei der Schacholympiad zu Eriwan 1996 gewot huet.[4]

Grondiddien[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel et eng relativ seelen Erëffnung ass, huet den „Tango“ méi eng fundéiert positionell Basis wéi déi meescht aner onkonventionell Erëffnungen: Schwaarz entwéckelt sech séier, huet eng flexibel Bauerestruktur an ass prett, am Zentrum mat 3.... e5,... e6 oder... d5 zeréckzeschloen. D'Mexikanesch Verdeedegung huet verschidden eegestänneg Varianten, geet awer dacks duerch Zuchëmstellung an aner Erëffnungen iwwer, wéi zum Beispill d'Kinneksindesch Verdeedegung, d'Nimzo-Indesch Verdeedegung, d'Bogo-Indesch Verdeedegung, d'Tschigorin-Verdeedegung, d'Englesch Erëffnung oder d'Ragosin-Variant vum ofgeleenten Dammegambit.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

Kinneksspréngervariant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
e7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
c6 black knight
f6 black knight
c4 white pawn
d4 white pawn
f3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Kinneksspréngervariant
  • 1. d4 Sf6 2. c4 Sc6 3. Sf3

Dëst ass déi meeschtgespillte Variant[5], well se den thematesche Géigeschlag am Zentrum duerch 3.... e5 verhënnert. Schwaarz äntwert dohier an der Reegel mat 3.... e6, obwuel den Iwwergang mat 3.... d6 an eng Art Alindesch Verdeedegung och méiglech ass.[5],[6] No 3.... e6 féiert 4. Sc3 Lb4 zu enger Niewevariant vum Dräi-Sprénger-Variant vun der Nimzo-Indescher Verdeedegung.[7],[8] No 4. a3 ka Schwaarz mat 4.... d5 an een Ofgeleent Dammegambit iwwergoen oder 4.... d6 spille fir ee spéideren e5 virzebereeden oder fir mat 5.... g6 an eng Art Kinneksindesch Verdeedegung iwwerzeleeden[9],[10], wéi de Viktor Bologan et dacks gemaach huet. 4. g3 féiert no 4.... Lb4+ 5. Sc3 erëm zu enger Nimzo-Indescher Niewevariant oder no 5. Ld2 oder 5. Sbd2 zu enger Bogoljubow-Indescher Niewevariant.[11],[12] Eng aner Méiglechkeet ass et, mat 4.... d5 an d'Katalanesch Erëffnung iwwerzegoen, wéi vum Palliser recommandéiert.[11],[13]

Dammespréngervariant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
e7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
c6 black knight
f6 black knight
c4 white pawn
d4 white pawn
c3 white knight
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Dammespréngervariant
  • 1. d4 Sf6 2. c4 Sc6 3. Sc3

Dëst ass déi zweetheefegst wäiss Äntwert.[14] Nom themateschen 3.... e5 ka Wäiss mat 4. Sf3 an d'Englesch Erëffnung iwwergoen[15], wourop de Palliser 4.... e4!? recommandéiert[15], wougéint den Orlov et virzitt déi komplex Haaptvariant 4.... exd4 5. Sxd4 Lb4 ze spillen.[16] D'Haaptvariant vun der Mexikanescher Verdeedegung ass allerdéngs 4. d5 Se7[17], wourop d'Partie an „Tango“-Manéier weidergoe kann, zum Beispill mat 5. Sf3 Sg6, oder an d'Kinneksindesch Verdeedegung iwwergoe kann, zum Beispill mat 5. Sf3 d6 6. e4 (oder 6. Lg5!?) g6 7. Le2 Lg7 8. 0-0 0-0, wouduerch d'Haaptvariant vum Kinneksindeschen duerch Zuchëmstellung erreecht gëtt.[18] Géint déi zwou Approchë geriicht ass den Zuch 5. h4, deen och méi spéit geschéie kann, wa Schwaarz festgeluecht huet, ob en e Sprénger oder e Bauer op g6 stellt.

Eng aner interessant, mä relativ onerfuerschten Iddi ass 3.... e6, wat et Wäiss erlaabt 4. e4 ze spillen (aner Zich wéi 4. d5, 4. Lg5, 4. a3, 4. f3 a 4. Sf3 sinn och méiglech), wourop Schwaarz mat 4.... d5 äntwert. An där Stellung sinn d'Haaptméiglechkeeten 5. e5 (d'Haaptvariant), 5. exd5, 5. cxd5 an 5. Lg5. Déi doraus resultéierend Stellunge kënne gréisstendeels och duerch Zuchëmstellung iwwer d'Flohr-Mikenas-Variant vun der Englescher Erëffnung (1. c4 Sf6 2. Sc3 e6 3. e4) erreecht ginn, allerdéngs ass 1. d4 Sf6 2. c4 e6 3. Sc3 Sc6 déi optimal Zuchreiefolleg, wa Schwaarz sou spille well.

Virstoussvariant[änneren | Quelltext änneren]

abcdefgh
8
a8 black rook
c8 black bishop
d8 black queen
e8 black king
f8 black bishop
h8 black rook
a7 black pawn
b7 black pawn
c7 black pawn
d7 black pawn
e7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
c6 black knight
f6 black knight
d5 white pawn
c4 white pawn
a2 white pawn
b2 white pawn
e2 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
h2 white pawn
a1 white rook
b1 white knight
c1 white bishop
d1 white queen
e1 white king
f1 white bishop
g1 white knight
h1 white rook
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Virstoussvariant
  • 1. d4 Sf6 2. c4 Sc6 3. d5

Dës ambitionéiert Variant ass spillbar, gëtt awer seele gesinn.[19] Schwaarz äntwert normalerweis mat 3.... Se5. No 4. e4 (wourop 4.... Sxe4? 5. Dd4 e Sprénger gewënnt) huet Schwaarz mat 4.... Sg6 5. f4 e5 am Zentrum zeréckgeschloen an der Stammpartie Sämisch - Torre, Baden-Baden 1925.[1] Trotzdeem si souwuel den Orlov, wéi och de Palliser der Meenung, datt 4.... e6, wat zu extreem schaarfe Spill féiere kann, besser gewiescht wier.[20],[21]

Partien[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Georgi Orlov: Black Knights' Tango, International Chess Enterprises, 1992. ISBN 1-879479-03-6
  • Georgi Orlov: The Black Knight's Tango: Outwit Your Opponents from Move 2!. Batsford, 1998. ISBN 0-7134-8349-0
  • Richard Palliser: Tango! A Dynamic Answer tod4. Everyman Chess, 2005. ISBN 1-85744-388-8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Friedrich Samisch vs Carlos Torre-Repetto (1925)" Chessgames.com
  2. Palliser, S. 10
  3. Palliser, S. 7, 10
  4. "Garry Kasparov vs Alex Yermolinsky (1996)" Chessgames.com
  5. 5,0 5,1 Palliser, S. 82
  6. Orlov 1998, S. 53-54
  7. Palliser, S. 92
  8. Orlov 1998, S. 80
  9. Palliser, S. 176
  10. Orlov 1998, S. 115-118
  11. 11,0 11,1 Palliser, S. 159
  12. Orlov 1998, S. 60-61, 80
  13. Orlov 1998 S. 59-60
  14. Orlov 1998, S. 26
  15. 15,0 15,1 Palliser, S. 76
  16. Orlov 1998, S. 27
  17. Orlov 1998, S. 28
  18. Orlov 1998, S. 34-35
  19. Palliser, S. 55
  20. Orlov 1998, S. 8
  21. Palliser, S. 66