Browning M2

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mi .50)
D'Maschinnegewier Browning M2
D'.50 op engem Hummvee an Thailand

D'Browning M2, och nach .50 M2 HB genannt, ass e schwéiert Maschinnegewier dat vum John Browning erfonnt gouf an ënner Lizenz vun der belscher Firma FN Herstal gebaut gëtt. Dëst Maschinnegewier gëtt a villen auslänneschen Arméien, awer och an der Lëtzebuerger Arméi benotzt.

D'Browning M2 ass e Maschinnegewier, dat nom Prinzip vum Gasréckstouss mat oppenem Schlass funktionéiert. Op den neie Versioune vun der Waff kann de Laf ganz séier gewiesselt ginn. Dat gëtt erméiglecht duerch en neie System, dee Quick Change Barrel oder QCB genannt gëtt.

  • Kaliber: 12,7 mm
  • Gewiicht ouni Bande: 38,2 kg
  • Längt vun der Waff: 1.650 mm
  • Längt vum Laf: 1.150mm
  • Längt vun enger Bande: 100 Schoss
  • Schosskadenz: 400 - 600 Schoss an der Minutt (Theorie - bei där Kadenz killt de Laf net méi séier genuch of, an e verzitt sech iergendwann, wat eng Ongenauegkeet vum Schoss mat sech bréngt; dofir si bei deem Maschinnegewier och normalerweis zwéi Leef dobäi, fir datt se no enger gewësser Zäit gewiesselt kënne ginn).
  • Theoreetesch Schossdistanz: 8.000 m
  • Praktesch Schossdistanz: 1.500 m
  • Praktesch Schossdistanz géint Fligeren: 500 m

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Browning M2 – Biller, Videoen oder Audiodateien