Mia Farrow

Vu Wikipedia
Mia Farrow
Gebuertsnumm Maria de Lourdes Villiers Farrow
Gebuer 9. Februar 1945
Los Angeles
Nationalitéit USA
Aktivitéit Mënscherechtler, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Frank Sinatra, André Previn
Liewenspartner(in) Woody Allen
Papp John Farrow
Mamm Maureen O'Sullivan
Geschwëster Patrick Villiers Farrow, Prudence Farrow, Tisa Farrow, Stephanie Farrow
Kanner Moses Farrow

D'Mia Farrow, gebuer den 9. Februar 1945 als Maria de Lourdes Villiers Farrow zu Los Angeles, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Si gouf duerch hir Roll am Roman Polański sengem Rosemary's Baby (1968) berüümt, an duerno duerch net manner wéi 12 Filmer vum a mam Woody Allen.

Si huet hir Schauspillercarrière, no engem Studium zu New York, an Off-Broadway-Stécker ugefaangen. 1963 huet si an der Televisiounsserie Peyton Place matgespillt an hat eng Roll am Film Guns at Batasi (1964) mam Richard Attenborough an der Haaptroll.

Si ass d'Duechter vum australesche Schrëftsteller, Schauspiller a Regisseur John Farrow an der irescher Schauspillerin Maureen O'Sullivan. Si war vun 1966 bis 1968 mam Frank Sinatra bestuet an an den 1970er Jore mam Komponist André Previn. 1980 bis 1992 war si d'Partnerin vum Woody Allen. Si huet 2 eegen an 10 adoptéiert Kanner.

D'Mia Farrow engagéiert sech fir eng Rëtsch humanitär Projeten an Afrika an ass Sonner-Ambassadrice fir d'UNICEF.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mia Farrow – Biller, Videoen oder Audiodateien