Michał Kwiatkowski
De Michał Kwiatkowski, gebuer den 12. November 1983 zu Gorzów Wielkopolski, ass e polnesche Sänger, deen a Frankräich besser bekannt ass ënner dem Numm Michal.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
De Michał Kwiatkowski ass zu Gorzów Wielkopolski opgewuess, wou hien am Conservatoire sechs Joer laang Piano geléiert huet.
2001 war hie bei der polnescher Karaoke-Fernsehsendung Szansa na sukces derbäi, wou hie gewonnen huet. Duerno goung hien a Frankräich fir zu Paräis ze studéieren.
2003 gouf hien um Casting vun der Star Academy a Frankräich entdeckt. Hie koum bis an d'Finale, mä huet do géint d'Élodie Frégé verluer. Trotzdem bréngt hien d'Joer drop en Album eraus, De l'or et des poussières. Déi éischt Single ass Tu mets de l'or, awer et ass eréischt déi zweet Single, Viens jusqu'à moi, déi hie mam Élodie Frégé séngt, déi e groussen Erfolleg gëtt an hie bis an déi franséisch Top Ten bréngt.
No enger Tournée duerch Frankräich, d'Belsch, Polen an d'Schwäiz verëffentlecht de Michal am Dezember 2006 seng nei Single All alone with your gueule an am Januar 2007 säin neien Album mam selwechten Numm. Obwuel deen Album, am rhythmeschen Electro-Rock, gutt vun de Medien opgeholl gëtt, verkeeft e sech nëmmen e puer Dausend mol.
Am September 2009 hëlt hien un der polnescher Danzsendung Taniec z gwiazdami deel (Originaltitel: Dancing with the Stars).
Well seng Plackefirma Universal him de Kontrakt gekënnegt huet, huet den Michal 2008 säin eegent Label Self Concept gegrënnt, an zwee Joer méi spéit eng EP ënnert deemselwechten Numm eraus bruecht.
Discographie [änneren]
Albumen [änneren]
| Joer | Single | Chart positioun | ||
|---|---|---|---|---|
| FR | CH | BE (Wa) | ||
| 2004 | De l'or et des poussières | #22 | - | #22 |
| 2006 | All Alone With My Gueule | #85 | - | - |
EP [änneren]
| Joer | Single | Chart positioun | ||
|---|---|---|---|---|
| FR | CH | BE (Wa) | ||
| 2010 | Self Concept EP (ënnert dem Numm "Self Concept") | - | - | - |
Singelen [änneren]
| Joer | Single | Chart positioun | ||
|---|---|---|---|---|
| FR | CH | BE (Wa) | ||
| 2004 | Tu mets de l'or | #18 | #69 | #12 |
| Viens jusqu'à moi mat der Élodie Frégé | #8 | #30 | #5 | |
| 2005 | Mon tout | #50 | - | #40 |
| 2006 | All Alone With Your Gueule | #68 | - | - |
| 2007 | Ça | #68 | - | - |