Michael C. Malin

Vu Wikipedia
Michael C. Malin
Gebuer 1950
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun University of California,
California Institute of Technology
Aktivitéit Astronom, Physiker, Universitéitsprofesser

De Michael C. Malin, gebuer 1950 zu Los Angeles, Kalifornien ass en US-amerikanesche Physiker, Planetolog a Geowëssenschaftler. Hien huet d'Kamera fir de Mars Global Surveyor a fir weider Mars-Missiounen entwéckelt.

De Malin huet 1971 säi Bachelor-Ofschloss a Physik op der University of California, Berkeley gemaach an hat 1975 a Planetologie an a Geologie um Caltech promovéiert. Duerno war hie 1975 bis 1979 um Jet Propulsion Laboratory, wou hien un de Viking-1- an un de Voyager-Missioune matgeschafft hat. Vun 1979 un war hien Assistant Professer a vun 1987 Professer fir Geologie op der Arizona State University, un där hie bis 1990 geléiert huet. Wärend dëser Zäit hat hien 1985 der NASA e Virschlag gemaach, eng Missioun, déi d'Marsuewerfläch mat enger héichopléisender Kamera fotograféiere soll. Hie krut 50.000 Dollar fir e Virentworf an huet duerno eng Kamera entwéckelt, déi 1992 op der feelgeschloener Mars-Observer-Missioun agesat gouf, wou si nëmmen e puer Fotoe liwwere konnt. Eng zweet Kamera koum 1996 bei der Mars-Global-Surveyor-Missioun zum Asaz. De Malin hat 1990 d'Firma Malin Space Science Systems zu San Diego gegrënnt, déi d'Kameraen entwéckelt huet.

Déi Global-Surveyor-Sond hat bis 2006 Fotoe geliwwert. De Malin huet gemengt op ettleche Fotoe Hiweiser op fréier Existenz vu Waasser um Mars fonnt ze hunn, woumat hien 2006 un d'Ëffentlechkeet goung ass.[1] (Hiweiser op Waasser an engem fréie Stadium vum Mars hat hie schonn 2003 publizéiert).[2] Dat gouf deemools skeptesch opgeholl, spéider awer vun anere Wëssenschaftler ënnerstëtzt.

Hie war och u weidere Mars-Missioune bedeelegt, zum Beispill dem Mars Exploration Rover an zulescht um Mars Science Laboratory.

2006 krut hien den Carl Sagan Memorial Award a 1987 war hie MacArthur Fellow.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Malin, Kenneth Edgett Evidence for Recent Groundwater Seepage and Surface Runoff on Mars, Science, Band 288, 2000, S. 2330 – 2335
  2. Malin, Edgett Evidence for persistent flow and aqueous sedimentation on early Mars, Science, Band 302, 2003, S. 1931-1934