Michael E. Brown

Vu Wikipedia
Michael E. Brown
Gebuer 5. Juni 1965
Huntsville
Nationalitéit USA
Educatioun Princeton Universitéit,
University of California
Aktivitéit Astronom
Member vun National Academy of Sciences

De Michael (Mike) E. Brown, gebuer 5. Juni 1965 zu Huntsville, Alabama, ass en US-amerikaneschen Astronom.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Mike Brown hat bis zum Bachelor of Arts 1987 op der Princeton Universitéit studéiert. 1990 hat hien op der University of California, Berkeley säin Diplom gemaach a seng Promotioun am Joer 1994 ofgeschloss. 1997 goung hien als Dozent op de California Institute of Technology. Als ausseruerdentleche Professer léiert hien zanter 2002 zu Berkeley a vun 2003 als Professer.

De Brown ass zanter dem 1. Mäerz 2003 mat der Diane Binney bestuet, seng Duechter ass 2005 gebuer.

De Brown gouf vum Time Magazin an d'Lëscht vun den 100 aflossräichste Persoune vun 2006 opgeholl.[1],[2]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

De Brown beschäftegt sech virun allem mat der Spektroskopie vun Objete vum baussenzege Sonnesystem a war un der Entdeckung vun en ettleche groussen transneptuneschen Objete bedeelegt, z. B. (50000) Quaoar (2002), 2002 VR128 (2002), (90377) Sedna (2003), (90482) Orcus (2003), (136199) Eris (2003) an (136472) Makemake (2005).

Beim Sedna handelt et sech méiglecherweis ëm den éischte bekannten Objet vun der bannenzeger Oort-Wollek, beim Zwergplanéit Eris handelt et sech ëm de gréisste bekannten Objet vun der Kuiperceinture an deen héchstwahrscheinlech méi grouss wéi de Pluto ass.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Time Magazine: The TIME 100 | The People Who Shape Our World
  2. Time Magazine: Mike Brown Gearchiveerd op 2010-01-07. Gekuckt de(n) 2012-02-04.
  3. Minor Planet Circ. 46104
  4. Time Magazine: Mike Brown