Michael Reeves
De Michael Reeves, gebuer de 17. Oktober 1943, a gestuerwen den 11. Februar 1969 zu London, un enger Iwwerdosis vu Schloftabletten, war en englesche Filmregisseur.
1963 huet de Michael Reeves als Assistent vum Filmregisseur Jack Cardiff beim Film The Long Ships ugefangen.
1964 war hien Second Unit Director beim Film Il castello dei morti vivi mam Christopher Lee an der Haaptroll.
1966 produzéiert an dirigéiert hien de Film La sorella di Satana mat der Barbara Steele an der Haaptroll.
Fir säin zweete Film The Sorcerers engagéiert hien de Boris Karloff.
A sengem nächsten a leschte Film Witchfinder General spillt de Vincent Price d’Haaptroll . Hei geet et em de Mathew Hopkins, dem säi Liewensziel et ass Hexen ze fannen an ze verbrennen.
De Michael Reeves huet a sengem kuerze Liewen zwar nëmmen 3 B-Filmer gedréint. Hien huet et awer fäerdeg bruecht a jidderengem vu senge Filmer ee vun de groussen Schauspiller aus dem Horrorfilmgenre fir d'Haaptroll ze engagéieren.
De Film Witchfinder General ass nom fréien Doud vum Michel Reeves e Kultfilm ginn.
[änneren] Filmographie
- 1966: La sorella di Satana oder The Revenge of the Blood Beast oder The She Beast mam Barbara Steele a Ian Ogilvy
- 1967: The Sorcerers mam Boris Karloff a Catherine Lacey
- 1968: Witchfinder General oder The Conquerer Worm mam Vincent Price a Rupert Davies