Michael Sata

Vu Wikipedia
Michael Sata
Gebuer 6. Juli 1937
Gestuerwen 28. Oktober 2014
London
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Sambia
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler

De Michael Chilufya Sata, gebuer de 6. Januar 1936 oder de 6. Juli 1937 zu Mpika a gestuerwen den 28. Oktober 2014 zu London, war e Politiker aus Sambia a vum 23. September 2011 bis zu sengem Doud President vu Sambia.

Ier en an d'Politik goung, war de Sata Polizist an Eisebunner. Duerch säin Engagement an der United National Independence Party huet hien et 1985 zum Gouverneur vu Lusaka bruecht. Ausserdeem war en Deputéierten an der der Nationalversammlung vu Sambia.

Hien huet de Movement for Multi-Party Democracy (MMD) matgegrënnt a gouf no de Wale vun 1991 fir d'éischt Minister fir d'Lokalregierungen, duerno fir Aarbecht an da fir Gesondheet. 2001 huet hien den MMD verlooss an d'Patriotic Front (PF) gegrënnt, fir déi en 2001 Presidentschaftskandidat war. Hie krut awer just 3,4 Prozent vun de Stëmmen.

Bei de Presidentewale vun 2006 krut de Sata e bessert Resultat: 29,37 Prozent vun de Stëmmen, a seng Partei gouf zweetstäerkst am Parlament. 2011 dann huet hien d'Presidentewale gewonnen. Hien ass zu London an engem Spidol gestuerwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]