Michail Sergejewitsch Gorbatschow

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Michail Gorbatschow

De Michail Sergejewitsch Gorbatschow gouf den 2. Mäerz 1931 zu Privolnoje am Kaukasus gebuer. Hie gouf 1960 e permanente Member vun der kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun. Wéi hien dunn 1970 zum éischte Sekretär vun der Regioun vu Stavropol ernannt gouf, koum en an den Zentralcomité, spéider dann, 1979, koum en och an de politesche Büro. Den 11. Mäerz gouf en zum Generalsekretär vun der Sowjetunioun gewielt. Soubal wéi hie säi Posten ugetrueden hat, huet hien eng reformistesch Politik agefouert, déi Perestroika genannt gouf.

1990 gouf hien zum President vun der Sowjetunioun gewielt. No engem géint hie geriichte Putschversuch am August 1991, deen zwar mëssgléckt war, koum de Michail Gorbatschow duerch d'Ëmstänn trotzdeem net laanscht seng Demissioun, de 25. Dezember 1991, wat zum Zerfall vun der Sowjetunioun gefouert huet.

[änneren] Kuckt och

Commons: Michail Sergejewitsch Gorbatschow – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen