Michal (Sänger)

Vu Wikipedia
Michal
Gebuer 12. November 1983
Gorzów Wielkopolski
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Sänger
Famill
Geschwëster Dawid Kwiatkowski

De Michał Kwiatkowski, gebuer den 12. November 1983 zu Gorzów Wielkopolski,[1] ass e polnesche Sänger a Museker, deen a Frankräich eng laang Zäit nëmmen ënner dem Numm Michal bekannt war. Hien ass och ënner dem Pseudonym Self Concept aktiv.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Michał Kwiatkowski ass zu Gorzów Wielkopolski opgewuess, wou hien am Conservatoire sechs Joer laang Piano geléiert huet.

2001 war hie bei der polnescher Karaoke-Fernseesendung Szansa na sukces dobäi, wou hie gewonnen huet. D'Joer drop goung hien a Frankräich fir zu Paräis Lettres modernes ze studéieren.[1]

2003 gouf hien um Casting vun der Star Academy a Frankräich entdeckt. Hie koum bis an d'Finall, mä huet do géint d'Élodie Frégé verluer. Trotzdeem bréngt hien d'Joer drop en Album eraus, De l'or et des poussières. Déi éischt Single ass Tu mets de l'or, awer et ass eréischt déi zweet Single, Viens jusqu'à moi, déi hie mam Élodie Frégé séngt, déi e groussen Erfolleg gëtt an hie bis an déi franséisch Top Ten bréngt.[1]

No enger Tournée duerch Frankräich, d'Belsch, Polen an d'Schwäiz verëffentlecht de Michal am Dezember 2006 seng nei Single All alone with your gueule an am Januar 2007 säin neien Album mam selwechten Numm. Obwuel deen Album, am rhythmeschen Electro-Rock, gutt vun de Medien opgeholl gëtt, verkeeft e sech nëmmen e puer dausendmol.

Am September 2009 hëlt hien un der polnescher Danzsendung Taniec z gwiazdami deel (Originaltitel: Dancing with the Stars).

Well seng Plackefirma Universal him de Kontrakt gekënnegt huet, huet den Michal 2008 säin eegent Label Self Concept gegrënnt, an zwee Joer méi spéit eng EP ënner dem selwechten Numm erausbruecht.

De 26. Januar 2015 ass a Frankräich säin Album Chopin etc ënner sengem vollen Numm Michal Kwiatkoswki verëffentlecht ginn. Dorop mëscht hien d'klassesch Wierker vum Frédéric Chopin mat modernen Aflëss aus der Popmusek.[2]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Maximal Chartpositioun[3]
FR CH BE (Wa)
2004 De l'or et des poussières #22 - #22
2006 All Alone With My Gueule #85 - -
2015 Chopin Etc - - -

EP[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Maximal Chartpositioun[3]
FR CH BE (Wa)
2010 Self Concept EP (ënner dem Numm "Self Concept") - - -

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Maximal Chartpositioun[3]
FR CH BE (Wa)
2004 Tu mets de l'or #18 #69 #12
Viens jusqu'à moi (mat der Élodie Frégé) #8 #30 #5
2005 Mon tout #50 - #40
2006 All Alone With Your Gueule #68 - -
2007 Ça #68 - -
2014 Mon âme - - -
2014 Douce nuit - - -

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 beskid.com: La Biographie de Michal KWIATKOWSKI (gekuckt den 2. Juni 2015)
  2. StarBlog: Michal Kwiatkowski: De la douceur pour son nouvel album, Chopin etc (28. Mäerz 2015)
  3. 3,0 3,1 3,2 De Michal op hitparade.ch