Micheil Saakaschwili

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mikheil Saakaschvili (2008)

De Micheil Saakaschwili, gebuer den 21. Dezember 1967 zu Tiflis, ass e georgesche Politiker. Hie war vun 2004 bis 2013 den drëtte President vu Georgien. Hie war den Nofolger vum Eduard Schewardnadse deem virgeheit gi war, d'Wale vun 2003 gefälscht ze hunn an deemno no der Rouserevolutioun demissionéiert huet.

A senger Carrière, ier e President gouf, hat hien en etlech wichteg Plazen an der Regierung; vun 1995 bis 1999 a vun 1999 bis 2000 war de Saakaschwili Deputéierten, vun Oktober 2000 bis September 2001 Justizminister, a vun 2002 un war hie Buergermeeschter vun Tiflis, nodeem hie vu sengem Ministerposten demissionéiert war, well en net genuch Ënnerstëtzung krut.

Hien hat, an de Joren ier e President ginn ass, versicht d'Korruptioun an der Regierung ze bekämpfen a sech perséinlech dofir agesat datt säi Virgänger sollt zrécktrieden. Sou koum et 2004 zu Neiwalen, wou hie 96 % vun de Stëmme krut.

2007 ass him virgeheit ginn, ze vill autoritär ze regéieren a korrupt ze sinn, virun allem zu Tiflis koum et zu krasse Protester. Deemno koum et am Januar 2008 zu Neiwalen, wou hien awer mat 53,47 % vun de Stëmmen erëmgewielt gouf.


De Saakaschwili ass westlech orientéiert, an huet wëlles datt Georgien Member vun der NATO a vun der Europäescher Unioun gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Micheil Saakaschwili – Biller, Videoen oder Audiodateien