Michel Molitor

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Enseignant an Auteur. Fir de lëtzebuergeschen Handballspiller, kuckt wgl. Mikel Molitor.
Michel Molitor
Gebuer 24. Mäerz 1890
Wäiswampech
Gestuerwen 11. Juli 1988
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Auteur
Member vun Academia Europaea

De Michel Molitor, gebuer de 24. Mäerz 1890 zu Wäiswampech a gestuerwen den 11. Juli 1988 zu Miersch, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[1]

De Michel Molitor huet vun 1908 bis 1911 an der Normalschoul studéiert. Hie war vun 1911 bis 1916 Schoulmeeschter zu Wal (Gemeng Réiden op der Atert), dann an der deemoleger Gemeng Hollerech, fir d'éischt zu Märel, vun 1916[2] bis 1917, an dono, vun 1917 un, zu Hollerech-Gare.[3] 1920 ass d'Gemeng Hollerech mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert, a sou gouf de Molitor Schoulmeeschter an der neier Groussgemeng Lëtzebuerg.

De Michel Molitor war eng Zäit laang Sekretär vum Luxemburger Lehrerverband. Hie war Member vum Redaktiounskommitee vun der Luxemburger Lehrerzeitung. Hie war Sekretär vum Organisatiounskommitee fir d'Opriichte vum Michel-Rodange-Monument um Knuedler an der Stad.[3]

De Molitor huet a verschiddenen Zeitungen an Zäitschrëfte pedagogesch a kulturell Artikele publizéiert (zum Deel ënner dem Pseudonym: Mimo ; M.M.). Hien ass awer och den Auteur, Coauteur oder Editeur vun enger Rei vu méi grousse Publikatiounen.[4]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Rodange als Lehrer. Luxemburger Lehrer-Zeitung. Luxembourg. XXI. Jg. (Dezember 1926), Nr. 12, S. 233-287.
  • Michel Rodange. Gesammeltes aus dem Nachlass. Hrsg. Luxemburger Lehrerverband. Vorwort: M. Molitor. Luxemburg 1929, 158 S.
  • Heimatsagen. Blütenlese aus dem Luxemburger Sagen- und Legendenschatz. Luxemburg 1929, 145 S. (zesumme mam Leo Berchem).
  • Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung. Luxemburg 1931, 157 S.
  • Heimatsagen. Neue Auslese aus dem Luxemburger Sagen- und Legendenschatz. Grevenmacher 1932, 140 S. (zesumme mam Leo Berchem).
  • Illustrierte, kindertümliche Heimatkunde. Luxemburg 1934, 62 S.
  • Arthur Hary: 1892-1925: ein grosser Kinder- und Menschenfreund: zu seinem zehnjährigen Todestage. Luxemburg 1935, 127 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Molitor, M., 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung. Luxemburg, 157 S.
  • Muller, R. & J. Weber: Michel Molitor. In: Luxemburger Autorenlexikon [1] [24.09.2015].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Muller & Weber, in: Luxemburger Autorenlexikon.
  2. Luxemburger Wort 1916-09-21, S. 2 (Gemeinderats-Verhandlungen. Hollerich, 21. Sept. Gemeinderatssitzung vom Mittwoch, 20. Sept.).
  3. 3,0 3,1 Molitor 1931, S. 136.
  4. Eng Opstellung vun de Publikatioune fënnt ee bei: Molitor 1931, S. 137, a bei Muller & Weber (Luxemburger Autorenlexikon).