Michel Clees

Vu Wikipedia
Michel Clees
Gebuer 8. Mäerz 1963
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Schrëftsteller, Gynekolog

De Michel Clees, gebuer den 8. Mäerz 1963 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Medezinner (Gynekolog), Schrëftsteller, Liddermécher a Schauspiller.

Vun 1975 bis 1981 war hie Member vum Schülertheater am Escher Jongelycée, wou hien ënner der Leedung vum Ed Maroldt seng éischt Optrëtter als Schauspiller hat.

De Michel Clees war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband a war vun 1999 bis 2020 President vum Verwaltungsrot vun der Kufa.

De Michel Clees war Hausauteur vum Théâtre National du Luxembourg an der Spillzäit 2019/2020. An deem Kader gouf d'Stéck "Captcha" am Januar 2020 uropgefouert. Dat fir Mäerz 2020 geplangte Stéck Parterre konnt awer wéinst de Covid-Mesuren eréischt am Januar 2021 fir d'éischt opgeféiert ginn.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Fremdlingin, Verlag am Schluechthaus 1986 (Theaterstéck iwwer d'Liewe vum Georg Trakl).
  • Solosonate für einen Handschlag, Éditions Phi 1995 (Theaterstéck iwwer déi lescht Joren am Liewe vum Béla Bartók).
  • Michel Clees (Text), Annick Sinner (Illustratiounen): Kannerbuch D'Gare vu Belval, Éditions Guy Binsfeld, 2008
  • Sterbehäusle, Éditions Guy Binsfeld 2008, Prix Servais, Mention spéciale
  • Abreise, Éditions Guy Binsfeld, 2015
  • Parterre / Captcha, Stücke, Éditions Guy Binsfeld, 2020

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Clees: Plack "immer noch", 1985
  • Michel Clees & Ensemble: CD "Lettres", Éditions Ultimomondo, 2004
  • Georges Urwald, Nadine Kaufmann, Michel Clees: CD "Hatschum", Éditions Um Stued
  • Michel Clees & Ensemble: Buch-CD "Die Nächte", Éditions Guy Binsfeld, 2017

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Clees – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • "Michel Clees", Invité am Moies-Magazin, 100komma7.lu, 25. Mee 2020 - 13:00.