Michel Mayor
De Michel Mayor, gebuer den 12. Januar 1942 zu Echallens am Schwäizer Kanton Vaud ass Professer am Departement fir Astronomie vun der Universitéit Genf.
Hien huet den éischten extrasolare Planéit am Stärebild Pegasus entdeckt.
Mat Hëllef vu sengem Mataarbechter Didier Queloz konnt hien 1995 mat engem héichopléisende Spektrograph e jupiterähnleche Planéit noweisen, deen ëm de Stär Pegasus 51 rotéiert.
D'Existenz vum Pegasus 51b, sou den Numm vum Planéit, gouf den 12. Oktober 1995 vun den US-amerikanesche Wëssenschaftler Geoffrey Marcy a Butler bestätegt a gëllt domat als Meilesteen an der Geschicht vun der Astronomie.
No sengem Physikstudium op der Universitéit Lausanne doktoréiert de Mayor 1971 um Observatoire Genf am Fachberäich Astronomie. Hie bleift, mat Ausnam vu Presenzen um Observatoire Cambridge, am Europäesche Südobservatoire (ESO) a Chile an um Observatoire Hawaii bei där Institutioun beschäftegt. Bis 2005 verfaasst hie méi wéi 300 wëssenschaftlech Publikatiounen.
Vun 1989 bis 1992 presidéiert hien de Wëssenschaftleche Bäirot vun der ESO, vun 1988 bis 1991 d'Kommissioun vun der galaktescher Struktur bei der Internationaler Astronomescher Unioun a vun 1990 bis 1993 déi Schwäizer Gesellschaft fir Astrophysik an Astronomie.
Zënter der Entdeckung vun Pegasus 51b war de Michel Mayor mat sengem Fuerscherteam u ville weideren extrasolare Planéitenentdeckunge bedeelegt.
Éierungen [änneren]
- 1998 Schwäizer Marcel-Benoist-Präis als Unerkennung vu senger Fuerschungsleeschtung an där hir Bedeitung fir dat mënschlecht Liewen.
- 2000 Balzan-Präis
- 2004 Albert Einstein-Medail
- 2005 Shaw Prize zesumme mam Amerikaner Geoffrey Marcy
- 2010 Karl-Schwarzschild-Medail