Michel Nicolas Muller

Vu Wikipedia
Michel Nicolas Muller
Gebuer 1. Dezember 1793
Lëtzebuerg
Gestuerwen 28. August 1876
Beetebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Geeschtlechen

De Michel Nicolas Muller, gebuer den 1. Dezember[1] 1793 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 28. August 1876 zu Beetebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Professer[2],[3][4][5].

De Michel Nicolas Muller war vun 1811 u Regent am klenge Seminaire zu Baaschtnech. Am Oktober 1813 ass hien an de Kolléisch (Collège municipal) an der Stad Lëtzebuerg geschéckt ginn. Wéi doraus am Joer 1817 den “Athénée royal grand-ducal” ginn ass, ass hien do Professer fir Griichesch ginn[1][4] a vun 1821 bis 1866 war hien Direkter vum Athenäum[4],[6]. Seng Spezialitéite ware Griichesch an Hebräesch; donieft huet hie laténgesch Rhetorik a griichesch a réimesch Geschicht dozéiert[5][7]; hien huet awer och Zoologie[8] a Botanik enseignéiert[2].

De Muller ass den 13. Februar 1818 zu Mainz zum Priister geweit ginn[4]; de K. Arendt huet des Feier iertemlecherweis an d'Joer 1814 an op Metz verluecht[7].

De Muller war ee vun de Grënnungsmembere vun der “Société Philhellénique de Luxembourg“ am Abrëll 1826[9].

1845 war de Muller Grënnungsmember vun der Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg[5] an 1850 vun der Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg[10].

Wéi den Alen Eecher Bierg gebaut ginn ass, ass do eng gosse Plack ubruecht ginn, mat engem Chronogramm, deen d'Joer 1850 erginn huet. Dëse Chronogramm hat de Muller geliwwert[11].

Den M. N. Muller ass den 30. August 1876 um Nikloskierfecht begruewe ginn[12]. De Professer Nicolas Wies huet d'Ried gehalen[1]. De Läichendéngscht war de 5. September 1876 an der Parkierch zu Beetebuerg[13].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Am Martin Blum senger Bibliographie figuréiert de Michel Nicolas Muller mat 314 Titelen (Rieden, Gedichter, Nekrologen, etc.)[14].

Seng eenzeg gréisser Publikatioun ass:

  • Muller, Michel-Nicolas, 1838. Chronique de l'ancien Collège de Luxembourg, de 1603 à 1714. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1837-1838 / Königlich-Grossherzogliches luxemburgisches Athenäum = Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1837-1838 / Athénée royal grand-ducal de Luxembourg, S. 3-31.

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Luxemburger Wort 1876, Nr. 204 (31. August), S. 1 (Nekrolog, Prof. Nicolas Wies). [1]
  2. 2,0 2,1 Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, S. 319-322.
  3. Grégoire, P., 1966. Pädagogenprofile. Luxemburg, St.-Paulus-Druckerei, S. 5-75.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 Heuertz, F., 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). In: Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, S. 42s.
  5. 5,0 5,1 5,2 Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, S. 64 (gëtt den 1.2.1793 amplaz den 1.12.1793 als Gebuertsdatum un).
  6. Thill, A., 2003. L'Athénée royal au XIXe siècle: regards sur un passé révélateur. In: 400 Joer Kolléisch, Vol. 2: L'Athénée et ses grands anciens. Luxembourg, Éditions Saint-Paul, S. 16.
  7. 7,0 7,1 Arendt, K., 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Bd. 1-6. Neuauflage. Ed. Kutter, Luxemburg 1972, S. 115 (Abbé Michel Nicolaus Müller).
  8. Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 91, S. 21. [2]
  9. J. M…e. Ein Luxemburger „Verein der Griechenfreunde" vor 120 Jahren. Luxemburger Wort 1947, Nr. 32/33 (1. Februar), S. 2. [3]
    Kuckt och: Sprunck, A., 1951. Les Philhellènes luxembourgeois. In: Les Cahiers luxembourgeois 1951 (3); S. 147-153.
  10. Historique de la Section des sciences (texte de Jos. A. Massard) Gearchiveerd op 2016-03-16. Gekuckt de(n) 2013-02-10.
  11. J. P. R., 1942. Luxemburg, die Stadt auf hohem Felsenthron. “Durch die Gewalt sei ein Weg eröffnet”. Aus der Geschichte des Eicherbergs. Luxemburger Wort 1942, Nr. 90 (31. März), S. 3. [4]
  12. Luxemburger Wort 1876, Nr. 202 (29. August), S. 1
  13. Luxemburger Wort 1876, Nr. 206 (2. September), S. 1
  14. Blum, M., 1981. ‘’Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus.’’ Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 2: M-Z, S. 126-141.
  15. 15,0 15,1 15,2 15,3 (fr)L'Athénée de Luxembourg. VI. — Personnel enseignant de l’athénée depuis 1839. A. Les directeurs - V. Bück et L. Bück succ.. Digitised by the National Library of Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu (1893). Gekuckt de(n) 2023-12-10.