Michel Polfer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Michel Polfer, gebuer den 9. Juni 1964 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Historiker an Archeolog.

Hien huet um Centre universitaire an der Stad an dono zu Freiburg im Breisgau Däitsch, Geschicht an Archeologie studéiert. Zu Freiburg huet hie säin Doktorat a réimescher Archeologie gemaach an zu Metz seng Habilitatioun. Bis zu senger Ernennung, am Februar 2006, zum Direkter vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, war hie Geschichtsprofesser am Lycée technique d'Ettelbruck. Hien ass och Professeur associé op der Uni Lëtzebuerg. 2007 gouf de Michel Polfer als Membre effectif an d'Section historique vum Institut grand-ducal opgeholl.

De Michel Polfer huet eng sëlleche geschichtlech an archeologesch Fuerschungsaarbechte publizéiert. Seng Schwéierpunkttheme si réimesch Nekropolen a Begriefnesritualer, réimescht Handwierk an d'Besiidlungsgeschicht vun der Géigend tëscht der Meuse an der Musel an der Réimerzäit an am fréie Mëttelalter.

Um Spaweck[änneren]