Michel Rodange

Vu Wikipedia
Michel Rodange
De Michel Rodange an der zweeter Renert-Oplo vun 1909.
Gebuer 3. Januar 1827
Waldbëlleg
Gestuerwen 27. August 1876
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller
Famill
Kanner Albert Rodange


De Michel Rodange, gebuer den 3. Januar 1827 zu Waldbëlleg a gestuerwen de 27. August 1876 a Clausen, (Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Schrëftsteller. E gouf virun allem als Auteur vum Renert bekannt, enger Adaptatioun vum Goethe sengem Reineke Fuchs op Lëtzebuergesch.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Michel Rodange war vun 1845 u Schoulmeeschter, fir d'éischt zu Steesel, duerno an der Fiels. An der Dikrecher Zeitung Der Wächter an der Sauer huet e seng éischt Gedichter op Däitsch publizéiert. 1854 huet hie sech mam Madeleine Leysen bestuet. Si kruten 10 Kanner, wouvun der awer 6 scho fréi gestuerwe sinn.

Vun 1860 un huet de Michel Rodange als kantonale Piqueur zu Iechternach, Capellen a Wolz geschafft. Hien huet ugefaangen, sech mat däitscher, franséischer a griichescher Literatur auserneenzesetzen. 1872 koum säin Haaptwierk Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst eraus, dat awer ufanks kaum een an Uecht geholl huet. 1873 huet de Michel Rodange Congé vum Staatsdéngscht geholl, fir beim Bau vun der Eisebunnslinn laanscht d'Sauer matzeschaffen. Mä hie war ëmmer méi mam Mo geplot. E gouf an d'Stad versat, wou en d'Schleefaarbechte vun der Festung Lëtzebuerg surveilléiert huet. De 27. August 1876 ass en, mat nëmmen 49 Joer, u senger Mokränkt verscheet.

Nieft dem Renert huet de Michel Rodange Lëtzebuerger an däitsch Geleeënheetsgedichter, Dem Léiweckerche säi Lidd iwwer de Bauerestand an der Zäit vun der Industrie[1], d'lëschtegt Theaterstéck Dem Grof Sigfrid seng Goldkuemer an eng autobiographesch Chronik von Waldbillig geschriwwen. Dat meescht dovu gouf eréischt no sengem Doud publizéiert.

Nom Michel Rodange gouf e Lycée um Geesseknäppche genannt.

De Michel Rodange war de Papp vum Albert Rodange.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Rodange: D'Léierchen (Dem Léiweckerche säi Lidd). Facsimilé an Transcriptioun, Lëtzebuerg, Actioun Lëtzebuergesch, 1973.
  • Michel Rodange: Gesamt-Wierk. Klassiker vun der Lëtzebuerger Litteratur, Cornel Meder, 1974
  • Michel Rodange: De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Éditioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert, Editioun Guy Binsfeld, 1987.
  • Marc Barthelemy, Marcel Ewers a Jean-Luc Schleich, De Michel Rodange a seng Heemechtsgemeng Waldbëlleg, 2017, 308 Säiten, op 750 Exemplaire limitéiert Oplo, erausgi vun der Gemeng Waldbëlleg fir den 190. gebuertsdag vum Michel Rodange am Juni 2017.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Rodange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Manuscript, Originalhandschrëft vum Michel Rodange vun 1928 ; Editioun mat Erklärungen an engem Glossaire erausgi vum Joseph Tockert, 1928; Facsimilé an der Opmaachung vum Emil van der Vekene, 1973 ; Transcriptioun vum Henri Rinnen, 1973
  2. Cf. d'Plack um Haus