Michel Schmitt

Vu Wikipedia
Michel Schmitt
Gebuer 8. Mäerz 1936
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Oktober 2009
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kierchenhistoriker, Geeschtlechen
Member vun Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch

De Michel Schmitt, gebuer den 8. Mäerz 1936 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 19. Oktober 2009, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Kierchenhistoriker.

De Michel Schmitt huet am Seminaire zu Lëtzebuerg studéiert an ass den 1. Juli 1962 zum Priister geweit ginn. Hien huet duerno nach op der Universitéit vu Fribourg Konschtgeschicht studéiert an huet am Juli 1968 säi Studium mam Dr. phil. ofgeschloss.

Vun 1968 bis 2007 war de Michel Schmitt Professer am Seminaire zu Lëtzebuerg; vun 1979 bis 1993 war hie Präses, duerno ass hien Direkter vum Centre Jean XXIII bliwwen. Hie war vun 1988 bis 2007 Member a Sekretär vum Domkapitel. Am Joer 2007 gouf hien Éierendomkapitular.

De Michel Schmitt ass 1970 Diözesankonservator ginn. Hie war och Member vun der Commission des sites et monuments nationaux.

De Michel Schmitt ass den Auteur vun enger Rei vu Publikatiounen iwwer Kierchen a Monumenter a soss reliéis-historesch Theemen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Echternacher Zweig der Tiroler Baumeisterfamilie Mungenast in Akten und Nachrichten des 18. Jahrhunderts. In: Hémecht 1970 (4), S. 425-443.
  • Die Bautätigkeit der Abtei Echternach im 18. Jahrhundert (1728-1793). Ministère des Arts et Sciences, Luxembourg 1970, 230 S.
  • Vor 100 Jahren starb Bischof Nikolaus Adames. In: Luxemburger Marienkalender 1987, S. 36-37.
  • Willibrord, ein pfingstlicher Heiliger. Zum 1250. Todestag des heiligen Willibrord. In: Die Warte, 42 (1989), 14/1523 (11. Mai), S. 1.
  • Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, 1996, 143 S., Éd. Saint-Paul, ISBN 2-87963-258-7
  • La Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg. 2. franséisch Oplo. Schnell & Steiner, Regensburg 1996. 31 S.
  • Die Glasmalereien von Anton Wendling in der Kathedrale Unserer Lieben Frau. Schnell & Steiner, Regensburg 1999, 23 S.
  • Das Marienheiligtum der Girsterklaus bei Rosport. Schnell & Steiner, Regensburg 2007, 21 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (sjp.): Ehrendomkapitular Michel Schmitt †. Luxemburger Wort, Nr. 244, 20. Oktober 2009, S. 24.
  • (gh): Michel Schmitt zum Gedenken. Luxemburger Wort, Nr. 251, 29. Oktober 2009, S. 53.