Michel Wolter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich

De Michel Wolter, gebuer den 13. September 1962 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e Lëtzebuerger Politiker.

De Michel Wolter ass zu Esch-Uelzecht opgewuess an do, an dono zu Iechternach, an de Lycée gaangen. 1985 huet hie seng Economiesstudien zu Paräis op der Sorbonne mat enger Maîtrise ofgeschloss.

Hie schafft an der Privatwirtschaft, a gouf 1984 mat nëmmen 22 Joer, als bis ewell jéngsten Deputéierten, op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber gewielt. Duer gouf en 1989, 1994, 1999, 2004 an 2009 erëmgewielt.

Vun 1985 bis 1990 war de Michel Wolter President vun der CSJ, an tëschent 1988 an 1992 war en am Escher Gemengerot. Hien ass op Uewerkäerjeng geplënnert a gouf do 1993 an de Gemengerot gewielt, e Mandat, dat en e bësse méi wéi e Joer ausgeübt huet. De 26. Januar 1995 gouf hien an der Regierung Juncker-Poos Minister vun der Fonction Publique a vun der Verwaltungsreform.

Tëschent 1999 an 2004 war de Michel Wolter Inneminister an der Regierung Juncker-Polfer. Vun 2004 bis 2009 war e President vun der Chamberfractioun vun der CSV.
De 14. November 2009 gouf de Wolter zu Mutfert um Nationalkongress vun der CSV mat 89,9 % vun de Stëmmen neie President vu senger Partei, an domat de Nofolger vum François Biltgen.

De 4. Januar 2010 gouf hie vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf zum Buergermeeschter vun der Gemeng Nidderkäerjeng vereedegt. Den 1. Januar 2011 trëtt hien dëst Amt fir déi fusionnéiert Gemeng Käerjeng un.

Vun 1987 bis 1993 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise de tennis.

De Michel Wolter ass de Jong vum Jean Wolter. Hien ass bestuet an huet 3 Kanner.

[änneren] Referenzen an Notten

Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen