Michel Wurth
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Michel Wurth, gebuer de 17. Abrëll 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Economist, Jurist a Manager.
1979 koum hien als Finanz-Analyst op d'ARBED.
Zënter 2006 ass hie Member an der Generaldirektioun (Group Management Board) vun ArcelorMittal.
De Michel Wurth ass President vun der Chambre de Commerce, vun der UEL, vun der BIP Investment Partners, vu Paul Wurth an vum d'Lëtzebuerger Land. Hien ass Verwaltungsrotmember vun der Lëtzebuerger Zentralbank an vun der BGL BNP Paribas. Ausserdeem ass hien och ee vun de Vizepresidente vun der FEDIL a vum Lëtzebuerger Roude Kräiz.
Säin Urgrousspapp war den Paul Wurth.