Michelangelo Merisi da Caravaggio

Vu Wikipedia
Michelangelo Merisi da Caravaggio
Gebuertsnumm Michelangelo Merisi
Gebuer 29. September 1571
Mailand
Gestuerwen 18. Juli 1610
Porto Ercole
Aktivitéit Moler

De Michelangelo Merisi (och alt Michael Angelo Merigi), bekannt ënner den Numm vun der Uertschaft, wou senge Elteren hierkoumen, nämlech Caravaggio, gebuer den 29. September 1571 zu Mailand a gestuerwen den 18. Juli 1610 zu Porto Ercole beim Monte Argentario), war en italieenesche Moler vum Fréibarock.

Hien ass bekannt dofir, datt en an der Molerei en neien, méi realistesche Stil agefouert huet: Bis dohinner war et ugesot, Sujeten op eng manieristesch Manéier ze molen. De Carvaggio huet do dergéint a senge Biller vill mat Liichteffekte geschafft (Liicht, dat z. B. wéi op enger Theatebün, queesch vun der Säit op eng soss däischter Zeen fällt), an och bei der Wiel vun de Sujeten profan a sakral Theeme vermëscht (dacks biblesch Zeenen, déi op e realistesch-zäitgenëssesche Kader iwwerdroe goufen).

De Carvaggio hat e groussen Afloss op aner Moler, déi hei ans do Carvaggiste genannt goufen, dorënner Leit wéi Rubens oder Rembrandt.

Ausstellungsplazen[änneren | Quelltext änneren]

D'Wierker vum Caravaggio sinn ë. a. an dëse Kierchen oder Muséeën ze gesinn:

Muséeën (no Stied)

Kierchen

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Boris von Brauchitsch: Caravaggio. Suhrkamp, Frankfurt am Main 2007, ISBN 978-3-518-18225-3.
  • Sybille Ebert-Schifferer: Caravaggio. Sehen – Staunen – Glauben. Der Maler und sein Werk. Beck, München 2009, ISBN 978-3-406-59140-2.
  • Michael Fried: The Moment of Caravaggio. Princeton University Press, Princeton NJ 2010.
  • Andrew Graham-Dixon: Caravaggio: a life sacred and profane. Allen Lane, London 2010, ISBN 978-0-7139-9674-6.
  • Jürgen Harten, Jean-Hubert Martin (Hrsg.): Caravaggio. Originale und Kopien im Spiegel der Forschung (= Katalog zur Ausstellung im museum kunst palast Düsseldorf.). Hatje Cantz, Ostfildern 2006, ISBN 3-7757-1806-0.
  • Eberhard König: Michelangelo Merisi da Caravaggio. Könemann, Köln 1997, ISBN 3-8290-0685-3.
  • Gilles Lambert: Caravaggio 1571–1610. Taschen, Köln 2005, ISBN 3-8228-0818-0,
  • Wolfgang Prohaska, Gudrun Swoboda (unter Mitarbeit von Marco Cardinali, Barbara Eble, Eva Götz, Michael Odlozil, Maria Beatrice De Ruggieri, Ina Slama, Robert Wald): Caravaggio und der internationale Caravaggismus (= Sammlungskataloge des Kunsthistorischen Museums Wien. Band 6). Silvana Editoriale, Milano 2010, ISBN 978-88-366-1911-5.
  • Valeska von Rosen: Caravaggio und die Grenzen des Darstellbaren. Ambiguität, Ironie und Performativität in der Malerei um 1600. Akademie-Verlag, Berlin 2009, ISBN 978-3-05-004581-8.
  • Sebastian Schütze: Caravaggio. Das vollständige Werk. Taschen, Köln 2009, ISBN 978-3-8365-0181-1.
  • John T. Spike: Caravaggio. Abbeville, New York/ London 2001, ISBN 0-7892-0639-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michelangelo Merisi da Caravaggio – Biller, Videoen oder Audiodateien