Micky Erpelding

Vu Wikipedia
Micky Erpelding
Gebuer 14. Dezember 1939
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 20. Juli 2000
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Sänger, Schauspiller, Iwwersetzer
Partei LSAP
Famill
Bestuet mat Aly Bintz
Kanner Simone Asselborn-Bintz, Brigitte Bintz

D'Marie-Micheline ("Micky") Erpelding, resp. Bintz(-Erpelding), gebuer de 14. Dezember 1939 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 20. Juli 2000 och do, war eng lëtzebuergesch Radio-Speakerin, Sängerin, Schauspillerin a Politikerin.

D'Micky Erpelding war vun 1960 un 2 Joerzéngte laang Speakerin beim lëtzebuergesche Programm vu Radio Lëtzebuerg. Si huet Theater gespillt, ë. a. am Escher Liewensfrou an an de Lëtzebuerger Revue. Si huet och e Musical fir Kanner geschriwwen (All Dag e bëssen, 1978), a Märercher iwwersat.

Politesch huet si sech zanter 1980 an der LSAP engagéiert, fir déi se vun 1981 bis bal zu hirem Doud am Escher Gemengerot souz. Vum 1. Februar 1989 bis den 31. Dezember 1993 a vum 2. Juni 2000 bis de 15. Juli 2000 war se am Schäfferot.

Si war mam Aly Bintz bestuet, an hat 2 Kanner.

No der Micky Erpelding benannt[änneren | Quelltext änneren]