Middlesbrough FC

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vu Middlesbrough FC
Wope vu Middlesbrough FC

Middlesbrough FC (Spëtznumm Boro) ass en englesche Foussballveräin zu Middlesbrough, am Nordoste vun England. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Premier League, der héchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Riverside Stadium.

De Veräi gouf 1876 gegrënnt. Hir héchst Positioun am englesche Foussball hate si um Enn vun der Saison 1913/14, op der 3. Plaz an der First Division, deemools der héchster Spillklass. 1997 stounge si an der Finall vum FA Cup, an 2006 ware si an der Finall vun der UEFA-Coupe. 2004 hu si den englesche Ligapokal gewonnen, hire gréisste Succès bis ewell.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(en) Offiziell Websäit vu Middlesbrough FC

Commons: Middlesbrough F.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien