Mierbaach

Vu Wikipedia
D'Mierbaach zu Uewerkäerjeng laanscht de Feldwee deen op Groussbéiweng féiert.

D'Mierbaach ass eng lëtzebuergesch Baach an der Gemeng Käerjeng.

Se huet hir Quell um Waasserscheed tëscht dem Musel- an dem Meusebaseng op enger Héicht vun 345 Meter, um Flouer op der Art eng 200 Meter südlech vum Boufferdanger Muer. Vun do leeft se no Südosten, an no 250 Meter leeft e Gruef dee vum Boufferdanger Muer kënnt dran. Duerno geet et ënner der fréierer Atertlinn an dem CR111 erduerch. Duerno leeft se weider no Süden an Direktioun Uewerkäerjeng. Um Flouer Salt kënnt vu lénks eng Bächelchen dragelaf, déi d'Waasser vun e puer Quellen aus der Päerchesgriecht, der Klappgriecht, vu Gondel an aus de Rëtsche gesammelt huet. Den Uewerlaf, wéi och déi Bächelche mat hire Quellen, goufen 2017 zum Naturschutzgebitt Griechten ausgeruff.

Duerno leeft se ënner dem Feldwee erduerch, dee vun Uewerkäerjeng op Groussbéiweng féiert, an 200 Meter méi déif, op der Héicht vum Wäschbuer vun Uewerkäerjeng kënnt vu riets e Gruef dragelaf deen aus der Féitzegriecht kënnt.

Éier se dann duerch d'Uertschaft leeft, kënnt nach vu lénks eng Baach mat dem Numm Pawuesgriecht dobäi. Vun der Bréck un, iwwer déi den CR110A feiert, ass se eng ronn 100 m ënner dem Buedem, well zanter den 90er Joren do eng Parkplaz fir de Kierfecht gebaut gouf. Soubal wéi se aus de Réier erauskënnt, gëtt se vun enger klenger Baach déi aus dem Schack kënnt gefiddert.

Op der Kräizung vum CR110A mat dem CR110 leeft se dann nach eng Kéier ënner enger Bréck erduerch, fir da westlech laanscht Käerjeng ze lafen, a schliisslech op der Biff an d'Kuer ze mënden.

Als Niewefloss vun der Kuer, ass et zu Lëtzebuerg eng vun de wéinege Baachen déi zum Meusebaseng gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]